lb fr pt en
Personalia  
7. Oktober 2021

„Sidd Zeien vum Evangelium!“

De Jean-Pierre Reiners ass neien Dechen vum Dekanat Süden-West

Kuckt eis Fotogalerie

E Samschdeg, den 2. Oktober 2021 ass de Jean-Pierre Reiners vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich als neien Dechen vum Dekanat Süden-West agesat ginn.

„Du kriss heimat eng grouss Aufgab, mais Du bass net alleng!“, huet den Äerzbëschof an senger Priedegt gesot. Dat huet sech och an der Presenz vun enger Rei Geeschtlech, Sänger*innen, Gleeweg a Vertrieder vun de Gemengen an der Kierch gewisen.

Den Dekanat Süden-West besteet aus 7 Paren a gehéiert zu de bevëlkerungsräichsten an der Äerzdiözees. „Mir sinn a bleiwen eng Gemeinschaft, mir sinn zesumme Kierch!“ huet de neien Dechen Jean-Pierre Reiners an sengem Grousswuert gesot an huet zum Schluss invitéiert: „Loosse mir zesummen an eng frou Zukunft goen.“

De Jean-Pierre Reiners ass och Moderator am Pastoralteam vun de Paren „Déifferdeng Saint-François-d’Assise“ an „Kordall Sainte-Barbe“.

Den Dekanat Süden-West begräift d’Paren Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, Mess-Réibierg Sainte-Famille, Kordall Sainte-Barbe, Suessem Christ Sauveur, Déifferdeng Saint-François-d’Assise, Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l’Évangile an Esch-Uelzecht Sainte-Famille.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu