lb | fr | pt | en |
De Gedanke fir den Dag – aus dem Paschtoueschgaart (3)
Thema: Helleg Lucia an Hellege Valentin
All Woch an der Summervakanz 2021 deelen d’Stéphanie Kasel an de Marco Wehles mat Iech e Gedanke fir den Dag aus dem wonnerschéinen, mat vill Léift gestaltene Paschtoueschgaart zu Eschduerf.
Dës Kéier: D’Fënster vun der Helleger Lucia a vum Hellege Valentin:
De Konfuzius soll eng Kéier zu senge Schüler gesot hunn „Et ass besser fir e Liicht an der Däischtert unzefänken, wéi sech nëmmen ze bekloen, datt et net hell gëtt“. Oder an eise Wierder ausgedréckt: „Et ass besser fir eng flott Initiativ ze lancéieren, wéi sech andauernd blouss iwwert d’Problemer vum Liewe/Kierch opzereegen“.
De chineesesche Philosoph aus dem 5. Joerhonnert v. Chr. féiert äis bei de Jesus, deen 1000 Joer méi spéit zu senge Jünger an domat och zu äis seet: „Dir sidd d’Liicht vun der Welt, dir sidd d’Salz vun der Äerd!“ Ee perséinlechen Optrag vum Jesus un äis fir dës Welt e Stéck besser ze verloossen, wéi mir se tatsächlech virfonnt hunn, eng gemeinsam Missioun, wou jidderee gefuerdert ass.
De Marco an d’Stéphanie huelen äis dës Woch nees mat op de Wee an den Eschduerfer Paschtoueschgaart. Mat zwou intressante Figuren aus der Kierchegeschicht, der helleger Lucie an dem hellege Valentin, maache si äis Courage a schwéieren Zäiten net ze verzoen, mee zesummen ze stoen an drun ze gleewen, datt mir et packen an eppes bewierke kënnen.
Sidd Dir un eis interesséiert, dann abonnéiert eise Kanal! Merci!
renee.schmit@cathol.lu
Directrice du Centre de formation diocésain Jean XXIII
Déléguée épiscopale à l’Évangélisation et la Formation diocésaine