lb fr pt en
Sonndesmass  
31. März 2022

Um 5. Faaschtesonndeg gouf d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 3. Abrëll gëtt vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Kantor ass den Änder Wio. Organist ass de Luc Rollinger. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass um Fasschtesonndeg ’Iudica’ - ’Richte mich’ (Ps 43,1)

A schon komme mer un de fënnefte Faaschtesonndeg un, de sougenannten « Ellesonndeg ». Fréier huet dëse Sonndeg och Passiounssonndeg geheescht, well mer an der éischterlecher Bousszäit schon ee ganz grousse Wee gaange sinn, an d’Karwoch sech mam Pällemsonndeg d’nächst Woch unzitt. An eise Kierchen ginn op dësem Sonndeg d’Kräizer verhüllt fir drop hinzeweisen, dass d’Passioun vu Jesus Christus nët méi wäit ass.

Mir invitéieren Iech erëm eng Kéier, fir mat äis zesummen d’Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht ze feieren.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Virspill iwert d‘Agangslidd
Agangslidd Seigneur,avec toi nous irons au désert LD 410
Kyrie Je te demande pardon, Seigneur LD 122
Gloria - -
Ruff virum Evangelium Macht euch auf LD 188
Credo gebiet
Offertoire Laisserons nous à notre table LD 236
Sanctus Heilig bist du grosser Gott LD 251
Agnus Dei Unfriede herrscht auf der Erde LD 606
Kommioun Par ton corps LD 297
Schlusslidd Segne du, Maria LD 528
Sortie Finale aus der Sonata da Chiesa Hendrik Andriessen

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu