lb fr pt en
 
24. Abrëll 2021

Online-Elterecafé vun der ErwuesseBildung

Digitaalt Bicherzelt mam Thema: “Relioun a Spiritualitéit an der Famill”

An eisem online-Elterecafé gëtt sech dës Kéier driwwer ausgetosch, wat sech alles ännert, wa sech Nowuess an enger Famill ukënnegt. Wat ännert sech am sozialen Ëmfeld, op der Aarbecht, doheem an der Koppel an an der Famill. Et ass fir all Bedeelegt net ëmmer einfach. Wou kann een als Famill Ënnerstëtzung an Halt fannen?

Et ginn 2 flott Projete virgestallt, wou ee Gemeinschaft fënnt, Austausch an Ënnerstëtzung, och wann et ëm Froe ronderëm déi reliéis an spirituell Erzéiung vun de Kanner geet.

Un der Diskussioun si bedeelegt:

  • Ingrid Scholzen, Agente pastorale Ëlwen, Wolz a Wëntger, Grënnerin vum Babykrees
  • Michèle Hilger, Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Responsabel fir « Spiri fir Kids »
  • Guy Lux, Papp vun 2 Kanner
  • Danielle Mertes, ErwuesseBildung – Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung

Organisatioun:
ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu