lb fr pt en
Fondation Sainte-Irmine  
20. Juli 2021

D’Fondatioun an d’Ekipp “Reech eng Hand” soen allen Donateure VILLMOOLS MERCI!

D’Fondatioun an d’Ekipp “Reech eng Hand” soen allen Donateure VILLMOOLS MERCI!

Virun engem Mount, méi genee den 21. Juni 2021, hat d’Fondation Sainte-Irmine zesumme mat der Ekipp vu “Reech eng Hand” en neie Spendenopruff gestart fir déi zwou Flüchtlingsfamilljen, déi op Initiativ vum Kardinol Jean-Claude Hollerich am November 2019 hei am Land opgeholl goufen.

Bis Enn dës Joer muss d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg finanziell fir all Ausgabe vun de Familljen opkommen. Zil vun dësem Appell war et, ongeféier 25.000 Euro un Donen ze sammelen, fir all Käschten bis Enn 2021 ze decken. Mat Ärer Hëllef konnt dësen Objectif net nëmmen erreecht, ma esouguer däitlech iwwertraff ginn. Méi wéi 120 Donateure vum Projet “Reech eng Hand” hu positiv op eisen Opruff geäntwert a sech nees eng Kéier solidaresch a generéis gewisen. Am Ganzen si bis elo 35.975 Euro un Donen erakomm. - Déi Suen, déi net fir beid Famillje gebraucht ginn, ginn um Enn vun dësem Projet fir aner Aktiounen zu Gonschte vu Flüchtlingsfamilljen agesat.

Am Numm vun den zwou Familljen, der Ekipp vu “Reech eng Hand” an alle Bénévolen, déi si op déi eng oder aner Manéier ënnerstëtzen, seet d’Fondatioun allen Donateuren en häerzleche Merci fir dës aussergewéinlech Ënnerstëtzung!

Fondation Sainte Irmine

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu