lb fr pt en
Sonndesmass  
29. Juni 2023

D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Foire agricole vun Ettelbréck iwwerdroen

Den 2. Juli gouf d’Sonndesmass vun der Foire agricole zu Ettelbréck iwwerdroen. Et huet d’Chorale ’VoiceEmotion’ gesong, Dirigentin war d’Madeline Boonen a Pianist de Marc Bauler. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale ’VoiceEmotion’

D’Chorale “VoicEmotion” feiert d’nächst Joer 15 Joer, et ass also eng jonk Chorale, déi den Ament 36 Memberen huet. Dirigentin ass d’Madeline Boonen an de Pianist fir d’Tëleesmass ass de Marc Bauler. VoicEmotion hat den éischten Optrëtt um Landjugenddag 2009 zu Ell. Dofir ass d’Tëleesmass op der Foire agricole bëssen e “Back to the roots” fir VoicEmotion. D’Chorale, déi am Schweecherdaul prouft, huet e ganz villsäitege Repertoire an ass ëmmer nees op fir Neies. All zwee Joer ass de grousse VoicEmotion-Fréijorsconcert an der Gemeng Biekerech (den nächsten ass iwwregens de 4. Mee 2024), VoicEmotion ass och vill gefrot fir Hochzäiten an aner Concerten.

De musikalesche Programm vun der Mass

Piano: Entrée WC1 Präludium 16 Johann Sebastian Bach
Agangslidd 10000 reasons (Bless the Lord) Jonas Myrin / Matt Redman
Kyrie Kyrie Mr. Mister
Gloria Glory to God Almighty Tore W. Aas / Calvin Bridges
Alleluja Dieu est une fête aujourd’hui Eric Jaffrain
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Fix You Coldplay
Sanctus Holy is the Lord Chris Tomlin / Louie Giglio
Anamnes L’Amour a vécu parmi nous Philippe Goeseels
Agnus Dei Heaven is a Wonderful Place Traditional
Kommiounslidd So soll es bleiben Annette Humpe
Schlusslidd Oh Happy Day Traditional
Piano: Sortie WC Präludium 24 BWV 893 Johann Sebastian Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu