lb fr pt en
Sonndesmass  
30. Juni 2022

D’Mass vum 3. Juli gouf vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen

D’Sonndesmass um 14. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen. D’Chéier aus der Gemeng Colmer-Bierg hunn d’Mass gesongen. Dirigent war de Ronny Mergen, Pianist de Charel Breisch.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

Den Ensemble vocal “d’Feierowendsänger” Colmer-Bierg an d’Chorale Ste Cécile Colmer-Bierg

Foto: Michel Logelin

D’Chéier aus der Gemeng Colmer-Bierg, den Ensemble vocal “d’Feierowendsänger” an d’Chorale Ste Cécile gestalten d’Tëleesmass op der Foire Agricole zu Ettelbréck.

Den Ensemble vocal “d’Feierowendsänger”, gegrënnt am Joer 2013, ass een dräistëmmegen Dammechouer mat haaptsächlech weltlechem, awer och kierchlechem Repertoire. Mir setzen op zäitgeméiss Arrangementer an ee breet gefächerte Repertoire. De Spaass um Zesumme-Sangen ass eis wichteg, genee ewéi eng gutt Ambiance. Mir prouwen zweemol de Mount, méindes um 19.30 Auer. D’Direktioun läit an den Hänn vum Ronny Mergen.

D’Chorale Ste Cécile séngt d’Sonndesmassen an ass bei alle wichtege Feierlechkeeten an der Par an an der Gemeng engagéiert. D’Prouwe si mëttwochs um 19.30 Auert ënnert der Leedung vum Henri Bissen.

Béid Chéier sange regelméisseg bei offizielle Geleeënheete wéi dem Te Deum zesummen. Nei Membere si jidderzäit häerzlech wëllkomm.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisation sur “Oh Happy Day” Charel Breisch
Agangslidd Oh Happy Day Spiritual / W. Schleenbecker
Kyrie Toi qui es venu pour nous sauver de la Messe “En famille, en église” J. Akepsimas
Gloria Gloire à Dieu de la Messe “En famille, en église” J. Akepsimas
Alleluja Hallelujah L. Cohen / R. Emerson
Credo gebiet
Offertoire Come, Thou Fount of Every Blessing R. Robinson / J.Wyeth
Sanctus Sanctus (Kanon) J. Berthier
Agnus Dei Dona nobis pacem (Kanon) J. Berthier
Kommioun Von guten Mächten wunderbar geborgen D. Bonhoeffer / S. Fietz / K. Heizmann
Schlusslidd Pacem Blessing based on “Air on the G String” N. Hein / N. Entringer
Sortie Scherzetto A. Ferté

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu