lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
28. September 2023

Et huet him leedgedoen! (?)

Kommentar zum 26. Sonntag im Jahreskreis von Gérard Kieffer (1.10.2023)

Do huet e Mënsch zwee Kanner. Hie schéckt déi zwee an de Wéngert fir ze schaffen. Den éischte wëllt net goen, besënnt sech a geet awer. Den zweete seet brav: „Ech ginn, Här”, a geet trotzdeem net.

Et ass sonnekloer, wien hei op der gudder Säit steet: deejéinegen, deen de Wëlle vum Papp erfëllt an net deen, dee schéi Wierder mécht!

Domat ass alles gesot, mir kéinten d’Buch zoumaachen an eis ëm Aneres këmmeren.

Awer iergendeppes bleift bei dësem Gläichnes a seng Fro u mech hänken. Wie vun deenen zwee Jonge wär ech da wuel? Den onwëllegen éischten oder deen zweeten, dee gefuddelt huet? Oder villäicht eng Kéier deen een an och emol den aneren?

Léiwer eigentlech den éischten. Ech weess selwer, wéi dacks ech viru gewëssen Aufgabe fir d’éischt mol motzen oder këmmen. A villäicht esouguer riicht eraus: „Nee, ech wëll net!” soen. Awer dono maachen ech mir e puer Gedanken, gesinn de Sënn vun der Aufgab an, an erleedegen se dann awer. Villäicht sinn ech dann esouguer ganz zefridden, dass ech mech iwwerwonnen hunn. Kloer, et wär sécher méi einfach direkt all Aufgab mat Freed a Loscht unzegoen, awer mir kennen eis. Dat ass och net tragesch – iwwregens och net an eisem Gläichnes vum Sonndeg: et steet net geschriwwen, dass de Papp sech opgereegt hätt.

Ganz onsympathesch kënnt den zweete Jong awer. E schwätzt mat sengem Papp, wéi e Sklav, e riet e mat „Här” un, dat ass awer dann och alles. Kaum ass de Papp fort, leet en sech erëm an d’Gras a kuckt de Päiperleken no.

Sou well ech wierklech net sinn. Firwat huet hien net wéinstens de Courage, wéi den éischten ze soen: Nee, wëll ech net! A gläichzäiteg weess ech, dass ech déi eng oder aner Kéier och ganz frëndlech „Jo, jo” gesot hunn a mech awer laang net drëm gekëmmert oder et ganz am Sand verlafe looss hunn. Esou, wéi wann ech et vergiess hätt. Ganz wuel hunn ech mech dobäi net gespiert, awer och net schlecht genuch, dass ech méi motivéiert gewiescht wär, déi Saach endlech unzegoen.

Wann ech éierlech sinn, erkennen ech bei mir déi zwou Säiten, déi zwee Jongen, an et ass mir och e wéineg peinlech akzeptéieren ze mussen, dass ech e Verhale wéi vum zweete Jong och scho bei mir festgestallt hunn.

De Jesus weist mech am Gläichnes dorop hin, dass ech net esou einfach nëmmen den éischten oder den zweete Jong sinn, esou wéi wann dat genetesch scho bestëmmt wär. Ech ka mech awer verhale wéi den éischten oder den zweete Jong. Dat ass eng Fro vun der Entscheedung. An och dës Entscheedung huelen ech net eemol fir ëmmer, mee ëmmer erëm nei. Eréischt duerch dës Entscheedung ginn ech zum éischten oder zum zweete Jong – an dat emol esou oder anescht.

Dat Entscheedend dobäi ass, dass bei mir e Prozess ausgeléist gëtt – esou wéi beim éischte Jong – e Prozess, an deem ech mir Gedanken iwwer meng Approche maachen, mech hannerfroen a mech villäicht och ëmdecidéieren.

„Et huet him leedgedoen” steet am Text iwwer den éischte Jong. Hien huet sech Gedanke gemaach an en ass bereet, seng Approche ze änneren. Dorëms geet et!

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu