lb fr pt en de
Publikatiounen . Publications  
17. Oktober 2023

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2023-2024

Elo als PDF verfügbar

ORDO ALS DOWNLOAD

Den Ordo 2023-2024 (Direktorium für Offizium und Messfeier in der Erzdiözese Luxemburg) ass an enger elektronescher Versioun (PDF) verfügbar. Dir kënnt se gratis hei eroflueden.

ORDO 2023-2024

D’Editioun 2023-2024 vum Ordo archidiocesis luxemburgensis ass an der Press. Mir invitéieren Iech, Är Exemplare bis spéitstens freides, de 27. Oktober 2023 ze bestellen. D’Participatioun un de Käschten ass 22 Euro pro Exemplar (Porto mat abegraff). - D’Liwwerung ass fir Mëtt November geplangt.

FIR D’POREN

Fir d’Pore gëtt d’Bestellung vum Ordo exklusiv iwwer de Webshop vum Kierchefong gemaach: https://kierchefong.lu/shop

Fir Duplikatiounen ze vermeiden an d’Bestellung ze erliichteren, ass et unzeroden, eng Persoun pro Por ze designéieren, déi eng zentraliséiert Bestellung iwwer de Webshop mécht. Allerdéngs muss eng Bestellung pro gewënschte Liwweradress gemaach ginn.

ANER COMMANDEN

All aner Commanden, déi net fir d’Pore sinn, kënne bis den 27.10. iwwer dëse Link gemaach ginn: https://formulaires.cathol.lu/ordo
Den Ordo kann och per Telefon bestallt ginn: Tel. 462023 (moies vun 9 bis 12 Auer).

Mir bleiwen fir eventuell Froen zu Ärer Verfügung.
Mat beschte Gréiss,
D’Bistumsverwaltung

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu