lb fr pt en
Publikatiounen . Publications  
6. Oktober 2022

Père Johny Geisen SCJ – En neit Buch iwwert e Réiserbänner Jong

„Vivre la Parole de Dieu, dans l’espoir d’un monde plus juste, plus humain et plus fraternel“

Eng Autobiografie vum Pater Johny Geisen, mat Témoignagen iwwert hien; a franséischer Sprooch, mat puer Texter op lëtzebuergesch an däitsch; 160 Säiten; vill faarweg Fotoen; Virwuert vum Marc Hubert fir Brasilux; 1. Editioun vum Buch op portugisesch, Brasilien, 2018; 2. Editioun op franséisch, Lëtzebuerg, Mee 2022.

De Pater Johny Geisen: 1944 gebuer zu Lëtzebuerg, opgewuess zu Béiweng am Réiserbann, 1969 éiweg Profess als Herz Jesu Pater (SCJ) zu Clairefontaine, 1971-2016 geschafft am Nordoste vu Brasilien, wou hien sech 45 Joer laang mat Läif a Séil fir d’aaremt Vollek agesat huet.

Dëst geschitt haut besonnesch duerch seng Bewegung MCP – Mouvement des Communautés Populaires, déi hien zesumme mat ville Matkämpfer gegrënnt huet an déi sech haut a ville Bundeslänner vu Brasilien konkret fir hir Rechter an eng méi gerecht Gesellschaft asetzt.

Verkaf vum Buch

  • beim Marc Hubert (zu Ettelbréck, SMS 621 245836)
  • bei der Fondation partage.lu Luxembourg duerch Iwwerweise vu 25 € (& 5 € Porto bei Verschécken) op de CCPL LU74 1111 1261 0097 0000 mam Vermierk „Brasilux-Buch Johny Geisen“

Mam Kaf vum Buch ënerstëtzt Dir d’Projete vum „Mouvement des Communautés Populaires“ a Brasilien, dëst an Zesummenarbecht mam Grupp Brasilux.

Père Johny Geisen – Eng Autobiografie (pdf)
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu