lb | fr | pt | en |
3. Adventssonndeg C
Lk 3,10-18
10 D’Leit hunn de Johannes den Deefer gefrot: “Wat solle mir dann elo maachen?”
11 Hien huet hinne geäntwert: “Wien zwee Hiemer huet, soll deem eent matginn, dee keent huet, a wien z’iessen huet, soll et gradesou maachen!”
12 Et koumen och Steierandreiwer, fir sech deefen ze loossen, an si soten zu him: “Meeschter, wat solle mir da maachen?”
13 Hien huet hinne geäntwert: “Dreift net méi an ewéi dat, wat dir virgeschriwwe krut!”
14 Och Zaldoten hunn hie gefrot: “A mir, wat solle mir maachen?” Zu hinne sot hien: “Setzt keen ënner Drock, erpresst och keen a sidd mat ärem Sold zefridden!”
15 D’Vollek war voll Erwaardung, an alleguer hunn si sech gefrot, ob de Johannes net vläicht esouguer de Messias wär.
16 Du sot hien zu hinnen all: "Ech deefen iech elo mat Waasser, ma et kënnt een, dee méi staark ass wéi ech, an ech sinn et net wäert, him seng Schongstréckele lasszemaachen. Hien deeft iech mat hellegem Geescht a mat Feier.
17 Hien huet d’Schëpp schonn an der Hand, fir säin Denn propper ze maachen an de Weess an senger Scheier ze sammelen; d’Kuef awer verbrennt hie mat Feier, dat ni ausgeet."
18 De Johannes huet d’Vollek nach zu villem aneren ugehal an him esou déi Gutt Noriicht verkënnegt.