lb | fr | pt | en |
1. Adventssonndeg A
Mt 24,37-44
37 De Jesus sot zu senge Jünger: "Esou wéi zur Zäit vum Noah ass et och, wann de Mënschejong kënnt.
38 Esou wéi d’Leit an deenen Deeg virun der Sintflut giess a gedronk hunn, sech bestuet hunn a bestuet gi sinn, bis deen Dag, wou den Noah an d’Arch eragaang ass,
39 an esou wéi si näischt an Uecht geholl hunn, bis d’Sintflut komm ass an si alleguer mat ewechgeholl huet, esou ass et och, wann de Mënschejong kënnt.
40 Vun zwee Leit, déi um Feld sinn, gëtt ee matgeholl, an ee gëtt dogelooss;
41 vun zwou Fraen, déi mat der Mille muelen, gëtt eng matgeholl, an eng gëtt dogelooss.
42 Duerfir waacht, well dir wësst net, wat fir en Dag ären Här kënnt!
43 Mierkt iech dat hei: Wann den Haushär wéisst, a wat fir enger Nuetswuecht den Déif kënnt, da géif hie waachen an net zouloossen, datt bei him doheem agebrach gëtt.
44 Duerfir haalt och dir iech prett, well de Mënschejong kënnt zu enger Stonn, wou dir net drop gefaasst sidd!"