lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

20. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 15,21-28

21 De Jesus huet sech an d’Gebitt vun Tyrus a vu Sidon zréckgezunn.

22 Dunn ass eng kananäesch Fra, déi aus där Géigend war, bei hie komm an huet haart gejaut: “Erbaarm dech menger, Här, Jong vum David: Meng Duechter gëtt vun engem Dämon uerg geplot!”

23 De Jesus awer huet der Fra mat kengem Wuert geäntwert. Du koumen seng Jünger an hunn hie gebieden: “Schéck si dach fort, fir datt si net méi esou hanner äis hier jäizt!”

24 Hien huet hinne geäntwert: “Ech sinn nëmme just bei déi verluere Schof aus dem Haus Israel geschéckt ginn.”

25 D’Fra awer ass komm, huet sech virun him op de Buedem gehäit a sot: “Här, hëllef mir!”

26 Hien huet hir geäntwert: “Et ass net gutt, de Kanner hiert Brout ewechzehuelen an et deene klengen Hënn dohinzegeheien.”

27 Dueropshi sot si: “Jo, Här. Ma esouguer déi kleng Hënn iesse vun de Grimmelen, déi vun hire Meeschteren hirem Dësch eroffalen.”

28 Du sot de Jesus zu hir: “Fra, däi Glawen ass grouss. Dat, wat s du wëlls, soll geschéien!” A vun där Stonn u war hir Duechter geheelt.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu