lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

25. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 20,1-16a

1 De Jesus huet senge Jünger dat heite Gläichnes erzielt: "Mat dem Himmelräich ass et wéi mat engem Haushär, dee muerges fréi erausgaang ass, fir Aarbechter fir an säi Wéngert ze dangen.

2 Hien huet sech mat den Aarbechter op eng Sëlwermënz den Dag gëeenegt an huet si dunn an säi Wéngert geschéckt.

3 Wéi hien ëm déi drëtt Stonn erausgaang ass, huet hien anerer gesinn um Maart do stoen näischt ze maachen,

4 an hie sot zu hinnen: ’Gitt och dir an de Wéngert; ech ginn iech dann, wat dir zegutt hutt!’

5 Du sinn si dohi gaang. Wéi den Haushär ëm déi sechst an ëm déi néngt Stonn nees erausgaang ass, huet hien et d’selwecht gemaach.

6 A wéi hien ëm déi eeleft Stonn erausgaang ass, huet hien nach anerer fonnt, déi do stoungen, an hie sot zu hinnen: ’Firwat sidd dir de ganzen Dag hei stoe bliwwen, ouni eppes ze schaffen?’

7 Si hunn him geäntwert: ’Well keen äis gedangt huet.’ Hie sot zu hinnen: ’Gitt och dir an de Wéngert!’

8 Wéi et Owend ginn ass, sot den Här vum Wéngert zu sengem Verwalter: ’Ruff d’Aarbechter a gëff hinnen hire Loun, ugefaang bei deene Leschte bis bei déi Éischt!’

9 Du sinn déi vun där eelefter Stonn komm, an si krute jiddereen eng Sëlwermënz.

10 Wéi déi Éischt koumen, hunn si geduecht, si krite méi, ma och si krute jiddereen nëmmen eng Sëlwermënz.

11 Wéi si déi kritt hunn, hunn si iwwer den Haushär geknoutert

12 a soten: ’Déi Lescht hei hunn eng eenzeg Stonn geschafft, an du hues si d’selwecht behandelt wéi äis, déi mir d’Laascht vum Dag an d’Hëtzt hu missen erdroen!’

13 Hien awer huet engem vun hinne geäntwert: ’Frënd, ech doen dir keen Onrecht! Has du dech net mat mir op eng Sëlwermënz gëeenegt?

14 Huel dat, wat dir zousteet, a géi! Ech awer wëll deem Leschten hei datselwecht ginn ewéi dir.

15 Däerf ech dann net mat deem, wat mir gehéiert, maachen, wat ech wëll? Oder wuermt et dech, datt ech gutt sinn?’

16a Esou ginn déi Lescht déi Éischt."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu