lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

27. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 21,33-44

33 De Jesus sot zu den Hohepriister an deenen Eelste vum Vollek: "Lauschtert nach en anert Gläichnes: En Haushär huet e Wéngert ugeplanzt, en Zonk ronderëm gezunn, eng Kelter dra gegruewen an en Tuerm gebaut. Dunn huet hien de Wéngert u Wënzer verpacht an ass an d’Friemd gaang.

34 Wéi d’Zäit vun der Lies komm ass, huet hien seng Kniecht bei d’Wënzer geschéckt, fir säin Erdrag ze kréien.

35 D’Wënzer awer hunn seng Kniecht geholl, deen een hunn si zerschloen, deen aneren doutgemaach an deen drëtte gestengegt.

36 Nach eng Kéier huet hie Kniecht dohi geschéckt, an zwar der méi wéi virdrun, an d’Wënzer hunn et d’selwecht gemaach.

37 Zu gudder Lescht huet hien säi Jong bei si geschéckt. Hie sot sech: ’Mäi Jong uechten si bestëmmt!’

38 Wéi awer d’Wënzer de Jong gesinn hunn, soten si een zum aneren: ’Dat do ass den Ierwen. Kommt, mir maachen hien dout an huelen seng Ierfschaft fir äis!’

39 An si hunn hie geholl, aus dem Wéngert erausgehäit an doutgemaach.

40 Wann elo den Här vum Wéngert kënnt, wat mécht hien da mat dëse Wënzer?”

41 [Déi, déi am Tempel waren,] hunn zum Jesus gesot: "Deene Béise mécht hien e béist Enn, an de Wéngert verpacht hien un aner Wënzer, déi him den Erdrag mat Zäit ofliwweren.”

42 Du sot de Jesus zu hinnen: "Hutt dir dat hei nach ni an de Schrëfte gelies: De Steen, deen d’Steemetzer verworf hunn, ass den Eckstee ginn. Duerch den Här ass en et ginn, an en ass wonnerbar an eisen Aen?

43 Duerfir soen ech iech: Iech gëtt dem Herrgott säi Räich ewechgeholl, an et gëtt engem Vollek ginn, dat derfir suergt, datt d’Räich en Erdrag huet.

44 Wien op dëse Stee fällt, dee fiert a Stécker, an op wien de Stee fällt, dee gëtt zerquetscht."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu