lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

9. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 7,21-27

21 De Jesus sot zu senge Jünger: "Net jiddereen, deen ’Här, Här!’ zu mir seet, kënnt an d’Himmelräich, ma deejéinegen, deen dat mécht, wat mäi Papp am Himmel wëllt.

22 Deen Dag soen der vill zu mir: ’Här, Här, si mir net an dengem Numm als Prophéit opgetratt, an hu mir net an dengem Numm Dämonen ausgedriwwen, an hu mir net an dengem Numm vill Wonner gewierkt?’

23 Da soen ech hinne klipp a kloer: ’Ech kennen iech net. Gitt fort vu mir, déi dir Onrecht gedoen hutt!’

24 Jiddereen, deen dës meng Wierder héiert an sech dono riicht, ass wéi e louse Mann, deen säin Haus op Fiels gebaut huet.

25 Wéi dunn eng Schauer niddergoung an d’Flëss geklomm sinn, wéi d’Stierm gehuerelt a widder d’Haus gefacht hunn, dunn ass et net an e Koup gefall, well et stoung op Fiels.

26 A jiddereen, deen dës meng Wierder héiert an sech net dono riicht, ass wéi en topege Mann, deen säin Haus op Sand gebaut huet.

27 Wéi dunn eng Schauer niddergoung an d’Flëss geklomm sinn, wéi d’Stierm gehuerelt an um Haus gerappt hunn, dunn ass et an e Koup gefall, an de Schued war grouss."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu