lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

Christus Kinnek A

Mt 25,31-46

31 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann de Mënschejong an senger Herrlechkeet kënnt an alleguer d’Engele mat him, da sëtzt hien sech op den Troun vun senger Herrlechkeet.

32 An da ginn alleguer d’Vëlleker virun him versammelt, an hie sënnert se vuneneen, esou wéi den Hiert d’Schof vun de Geesse sënnert.

33 D’Schof stellt hien op seng riets Säit an d’Geessen op seng lénks Säit.

34 Da seet de Kinnek zu deenen op senger rietser Säit: ’Kommt, déi dir vu mengem Papp geseent sidd, dir ierft d’Räich, dat fir iech virbereet ginn ass, zënter d’Welt besteet!

35 Ech war nämlech hongereg, an dir hutt mir z’iesse ginn; ech war duuschtereg, an dir hutt mir ze drénke ginn; ech war friem, an dir hutt mech bei iech opgeholl;

36 ech war plakeg, an dir hutt mir eppes fir unzedoe ginn; ech war krank, an dir hutt no mir gekuckt; ech war am Prisong, an dir sidd bei mech komm.’

37 Dann äntweren déi Gerecht him: ’Här, wéini hu mir dech hongereg gesinn an hunn dir z’iesse ginn, oder duuschtereg an hunn dir ze drénke ginn?

38 A wéini hu mir dech als Frieme gesinn an hunn dech bei äis opgeholl, oder plakeg an hunn dir eppes fir unzedoe ginn?

39 A wéini hu mir dech krank oder am Prisong gesinn a si bei dech komm?’

40 An de Kinnek äntwert hinnen: ’Amen, ech soen iech: Wat dir fir ee vun deene mannste vu menge Bridder gemaach hutt, dat hutt dir fir mech gemaach.’

41 Da seet hien zu deenen op senger lénkser Säit: ’Fort mat iech, déi dir verflucht sidd, fort an dat éiwegt Feier, dat fir den Däiwel an seng Engele virbereet ginn ass!

42 Ech war nämlech hongereg, an dir hutt mir näischt z’iesse ginn; ech war duuschtereg, an dir hutt mir näischt ze drénke ginn;

43 ech war friem, an dir hutt mech net bei iech opgeholl; ech war plakeg, an dir hutt mir näischt fir unzedoe ginn; ech war krank an am Prisong, an dir hutt net no mir gekuckt.’

44 Dann äntweren och si: ’Här, wéini hu mir dech hongereg oder duuschtereg oder als Frieme gesinn, plakeg oder krank oder am Prisong, a mir hunn äis net ëm dech gekëmmert?’

45 Dann äntwert hien hinnen: ’Amen, ech soen iech: Wat dir fir ee vun deene Mannsten net gemaach hutt, dat hutt dir och fir mech net gemaach.’

46 An si gi fort an d’éiweg Strof, déi Gerecht awer an d’éiwegt Liewen."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu