lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

Ouschternuecht A

Mt 28,1-10

1 Wéi et deen éischten Dag vun der Woch, also den Dag nom Sabbat, hell ginn ass, sinn d’Maria vu Magdala an déi aner Maria nom Graf kucke gaang.

2 An hei, op eemol huet de Buedem ugefaang, ferm ze zidderen: Dem Här säin Engel ass nämlech vum Himmel erofkomm, hien ass dohi gaang, huet de Steen ewechgerullt an huet sech dropgesat.

3 Hien huet ausgesi wéi e Blëtz, an säi Kleed war wäiss wéi Schnéi.

4 D’Wiechter hu geziddert, esou eng Angscht haten si virun him, an si ware wéi dout.

5 Dunn huet den Engel zu de Frae gesot: "Fäert net! Ech weess, dir sicht de Jesus, dee Gekräizegten.

6 Hien ass net hei: Hien ass aus dem Doud erwächt ginn, esou wéi hie gesot hat. Kommt heihinner, kuckt d’Plaz, wou hie louch!

7 An da gitt séier a sot senge Jünger: ’Hien ass aus dem Doud erwächt ginn! Hie geet iech viraus a Galiläa; do kritt dir hien ze gesinn.’ Kuckt, ech hunn iech et gesot!"

8 Huerteg sinn si vum Graf fortgaang, voller Angscht, ma och mat grousser Freed, an si si gelaf, fir de Jünger et ze verzielen.

9 A kuck, de Jesus ass hinne begéint a sot: “Freet iech!” Si sinn op hien duergaang, hunn sech virun him niddergehäit an hunn hien ugebiet.

10 Du sot de Jesus zu hinnen: “Fäert net! Gitt a sot menge Bridder, datt si a Galiläa goe sollen; do kréien si mech ze gesinn.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu