lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

10. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 3,20-35

20 De Jesus ass an en Haus eragaang, an nees sinn esouvill Leit zesummekomm, datt si net emol derzou komm sinn, eng Kuuscht z’iessen.

21 Wéi seng Leit dervun héieren hunn, hunn si sech op de Wee gemaach, fir hie mat ewechzehuelen. Si soten nämlech, hie wär net méi bei Trouscht.

22 Déi Schrëftgeléiert, déi vu Jerusalem erofkomm waren, soten: “Hien huet de Beelzebul an sech!”, an: “’t ass duerch deen Ieweschte vun den Dämonen, wou hien d’Dämonen ausdreift!”

23 Dunn huet de Jesus si erbäigeruff an hinne Gläichnesser erzielt: "Wéi kann de Satan de Satan ausdreiwen?

24 Wann e Räich an sech oneens ass, da bleift dat Räich net bestoen.

25 A wann en Haus an sech oneens ass, da bleift dat Haus net bestoen.

26 Wann elo de Satan sech géint sech selwer erhieft a mat sech oneens ass, da bleift hien net bestoen, an et ass eriwwer mat him.

27 Et ka keen an engem Staarke säin Haus abriechen an him seng Saache stielen, wann hien net virdrun dee Staarke gebonnen huet; eréischt duerno kann hien d’Haus ausraiberen.

28 Amen, ech soen iech: Alles gëtt de Mënsche verzien, hir Sënnen an hir Lästerungen, och wann si nach esou vill lästeren.

29 Wien awer géint den Hellege Geescht lästert, dee kritt an Éiwegkeet net verzien, ma eng éiweg Sënd läit op him.“30 Si haten nämlech gesot:”Hien huet en onrenge Geescht an sech."

31 Wéi dunn seng Mamm an seng Bridder ukoumen, sinn si dobausse stoe bliwwen an hunn hie ruffe gelooss.

32 Et souze vill Leit ronderëm hien. Si soten zu him: “Kuck, deng Mamm, deng Bridder an deng Schwëstere sinn dobaussen, si sichen dech!”

33 Dunn huet hien hinne geäntwert: “Wien ass dat, meng Mamm a meng Bridder?”

34 Hien huet ronderëm sech gekuckt op déi, déi am Krees ëm hie souzen, a sot: "Kuckt, dat hei si meng Mamm a meng Bridder!

35 Wien dat mécht, wat den Herrgott wëllt, deen ass mäi Brudder, meng Schwëster a meng Mamm."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu