lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

7. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 6,27-38

27 De Jesus sot zu senge Jünger: "Iech, déi dir elo nolauschtert, iech soen ech: Hutt är Feinde gär; sidd gutt géint déi, déi iech haassen;

28 seent déi, déi iech verfluchen; biet fir déi, déi iech erofmaachen!

29 Deem, deen dech op deen ee Bak schléit, deem hal och deen aneren dohin, an deem, deen dir de Mantel hëlt, deem verwier och d’Hiem net!

30 Wien och ëmmer dech fir eppes freet, deem gëff et, a wien dir Däint hëlt, vun deem fro dir et net zréck!

31 Dat, wat dir wëllt, datt d’Leit fir iech maachen, dat maacht gradesou fir si!

32 Wann dir déi gär hutt, déi frou mat iech sinn, wat fir e Merci kënnt dir duerfir kréien? Och d’Sënner hunn déi gär, déi frou mat hinne sinn.

33 A wann dir deene Guddes dot, déi iech Guddes doen, wat fir e Merci kënnt dir duerfir kréien? Och d’Sënner maachen dat.

34 A wann dir deenen eppes léint, vun deenen dir et zréckzekréien hofft, wat fir e Merci kënnt dir duerfir kréien? Och d’Sënner léinen anere Sënner eppes, fir et zréckzekréien.

35 Dir awer, dir sollt är Feinde gär hunn, Guddes doen a léinen, ouni eppes zréck ze erhoffen! Dann ass äre Loun grouss, an dir gitt Kanner vum Allerhéchsten; och hien ass nämlech gutt géint déi Ondankbar an déi Wéischt.

36 Sidd baarmhäerzeg, esou wéi och äre Papp baarmhäerzeg ass!

37 Riicht net, da gitt och dir net geriicht, a veruerteelt net, da gitt och dir net veruerteelt. Spriecht déi aner fräi, da gitt och dir fräigesprach.

38 Gitt, da gëtt och iech ginn; an enger gudder, fest gedréckter a gerëselter Mooss, déi iwwerleeft, gëtt et iech an de Schouss geluecht. Well mat där Mooss, mat där dir moosst, gëtt och fir iech gemooss."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu