lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

8. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 6,39-45

39 De Jesus sot zu senge Jünger: "Kann e Blannen éiren en anere Blanne féieren? Falen si dann net allebéid an de Gruef?

40 E Jünger steet net iwwer dem Meeschter. Jiddereen awer, dee gutt ausgebilt ass, gëtt ewéi säi Meeschter.

41 Firwat gesäis du d’Spläiter an dengem Brudder sengem A, ma de Käffer an dengem eegenen A hëls du net an Uecht?

42 Wéi kanns du zu dengem Brudder soen: ’Brudder, looss mech d’Spläiter an dengem A erauszéien’, wann s du de Käffer an dengem eegenen A net gesäis? Du Schäinhellegen, zéi fir d’éischt de Käffer aus dengem A eraus, an da kanns du kucken, fir d’Spläiter an dengem Brudder sengem A erauszezéien.

43 Et gëtt kee gudde Bam, dee schlecht Friichten droe géif, an ëmgedréit gëtt et och kee schlechte Bam, dee gutt Friichten droe géif.

44 All Bam gëtt un senge Friichten erkannt; vun Dëschtele pléckt een nämlech keng Figen, a vun enger Därenheck liest ee keng Drauwen.

45 Dee gudde Mënsch bréngt aus deem gudde Schaz vun sengem Häerz Guddes ervir, an dee béise Mënsch bréngt aus deem Béise Béises ervir, well wouvunner d’Häerz voll ass, dovunner leeft de Mond iwwer."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu