lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Dräifaltegkeetssonndeg C

Joh 16,12-15

12 De Jesus sot zu senge Jünger: "Et gëtt nach villes, wat ech iech ze soen hätt, ma dir kënnt et elo net erdroen.

13 Wann awer de Geescht vun der Wourecht bis komm ass, da féiert deen iech an déi ganz Wourecht an. Hie schwätzt dann nämlech net vun sech aus, ma all dat, wat hien héiert, seet hien, an dat, wat kënnt, verkënnegt hien iech.

14 Hie verherrlecht mech, well hie kritt en Deel vun deem, wat mäint ass, a verkënnegt iech et.

15 Alles, wat de Papp huet, ass mäint; dowéinst hunn ech gesot, datt hien en Deel dervun hëlt an iech et verkënnegt."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu