lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Péngschten C

Joh 14,15-16.23b-26

15 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann dir mech gär hutt, haalt dir iech u meng Geboter.

16 Da froen ech de Papp, an hie gëtt iech en anere Bäistand, fir datt deen an all Éiwegkeet bei iech ass.

23b Wann ee mech gär huet, hält hien sech u mäi Wuert. Dann huet mäi Papp hie gär, a mir komme bei hien an huelen eis Wunnecht bei him.

24 Wie mech net gär huet, deen hält sech och net u meng Wierder. Dat Wuert, dat dir héiert, ass awer net mäin eegent Wuert, ma dem Papp säint, dee mech geschéckt huet.

25 Dëst hunn ech iech elo gesot, wou ech nach bei iech sinn.

26 De Bäistand awer, den hellege Geescht, deen de Papp a mengem Numm schéckt, dee léiert iech alles, an hien erënnert iech un alles, wat ech iech gesot hunn."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu