lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Chrisamsmass ABC

Lk 4,16-21

16 De Jesus ass op Nazareth gaang, duer, wou hien opgewuess war. Esou wéi et um Sabbat seng Gewunnecht war, ass hien an d’Synagog gaang, an do ass hien opgestan, fir virzeliesen.

17 Hie krut d’Buch vum Prophéit Isaias gereecht. Hien huet d’Buch opgemaach an déi Plaz fonnt, wou geschriwwe steet:

18 Dem Här säi Geescht ass op mir, well hien huet mech gesaleft. Fir deenen Aarmen eng gutt Noriicht ze verkënnegen, huet hie mech geschéckt, fir deene Gefaangenen ze verkënnegen, datt si fräikommen, an deene Blannen, datt si nees gesinn, fir déi Gebrachen an d’Fräiheet ze schécken

19 an e Gnodejoer vum Här auszeruffen.

20 Nodeems hien d’Buch zougemaach an et dem Dénger hanneschtginn hat, huet hien sech gesat. All déi, déi an der Synagog waren, hu gespaant op hie gekuckt.

21 Dunn huet hien ugefaang, hinnen z’erklären: “Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu