lb | fr | pt | en |
Gottesmamm Maria ABC
Lk 2,16-21
16 D’Hierden hunn sech geflass, fir op Bethlehem ze goen, an si hunn d’Maria an de Jouseph fonnt an d’Këndchen, dat an enger Krëpp louch.
17 Wéi si dat gesinn hunn, hunn si erzielt, wat hinnen iwwer dëst Kand gesot gi war.
18 All déi, déi et héieren hunn, hunn sech iwwer dat gewonnert, wat d’Hierden hinne soten.
19 D’Maria awer huet sech all dës Wierder gemierkt an an hirem Häerz driwwer nogeduecht.
20 Wéi d’Hierden hannescht bei hir Häerd gaang sinn, hunn si den Herrgott verherrlecht a gelueft fir dat, wat si héieren a gesinn haten – et ass alles esou gewiescht, wéi et hinne gesot gi war.
21 Aacht Deeg drop, wéi et un der Zäit war, fir d’Kand ze beschneiden, ass et Jesus genannt ginn – dat war deen Numm, deen den Engel genannt hat, nach éier et an der Mamm hirem Schouss emfaang gi war.