lb fr pt en
Jahr A (2016-2017)  
22. Juli 2017

Fir den Erfolleg suergt Gott selwer!!

23.07.2017

Mt 13, 24-43

Zur Zäit vu Jesus Christus huet d’Vollek Israel op d’Erléisung gewaart. Iwwerall sinn Theorien entstane, wien am beschten oder am séiersten d’Räich Gottes opriichte kënnt. Eng dovu war sech ofsënneren; nëmmen déi Bescht sollten sech zesummefannen an an der Wüst ewech vun allem Schlechten dat Räich virbereeden. D’Denke vun dëse Mënsche war kloer: Hei sinn déi Gutt – do sinn déi Schlecht, Schwaarz-Wäiss-Molerei, eng Trennungslinn, eng Mauer déi näischt duerchléisst.

Dem Jesus säi Wee ass anescht. Grad an eiser Zäit vun haut ass et duerfir wichteg, datt mer eis vun Gläichnis vum Räich Gottes usprieche loossen. An der Kierch gëtt et op ville Plaze kal, manner Leit, méi Stress, ëmmer erëm ginn d’Pore méi grouss. Glécklecherweis bilden sech awer och lues a lues ëmmer méi Equippen. Vill Leit, déi sech esou gär u fréier erënneren, mengen si séizen op engem falschen Zuch oder op engem Schëff, dat am Gaang ass ënnerzegoen. Mësserfolleg, Schwieregkeeten, jo esou guer Feindschaft schléit der Kierch an deene Mënschen, déi sech zu hir bekennen, entgéint. Se sinn awer net nei. Ëmmer nees huet et dat an der Kierch ginn, vun Ufank un.

Grad den hl. Matthäus seet eis dat a sengem Evangelium. Hie versicht Mutt ze maachen, trotz alle Réckschléi a Schwieregkeeten.

Jesus gëtt eis d’Garantie, datt aus deem onscheinbare Somkär, dee mer ze séien hunn, eng Kéier eng staark a kräfteg Planz gëtt. Wichteg ass et also, grad an esou enger Zäit, net ze verzweiwelen, net d’Bengele bei d’Tromm ze geheien, net opzeginn. Wien säi Bléck schäerft fir déi kleng Ufäng hei an do, dee verléiert net esou séier d’Hoffnung an och net d’Gedold. Bei mir selwer ass dat Lescht ganz schwéier. Wien awer sech a seng Ideeën op Quantitéit ageschoss huet, dee mierkt dann, datt en op dat falscht Päerd gesat huet, oder en ass blann. Et kann een och aus gesellschaftlechen oder machtpoliteschen Ursaache blann sinn an et kann een iwwerhieflech sinn. Bei Kierchens kommen déi zwou Ursaache säit dem Edikt vum Konstantin de Groussen 313 n. Chr. ëmmer nees zum Virschäin.

Wa mir awer kucke, wat esou a Gruppe geschitt, wann ech mir um Bilan esou Rechenschaft gi, wivill Mënschen sech an dëse Joren, a grad an dëser Zäit, asetzen, da kréien ech nees Mutt fir och vläicht eng nei Aufgab unzegoen, suguer wann ech elo scho weess, datt ech hei an do traureg, gedréckt, erschloe sinn, wann ech den Egoismus vun Eenzeler an nach méi, wann ech den Egoismus vu ganze Gruppe gesinn an näischt un där Mentalitéit ännere kann. Ech denken un déi Gruppen an eenzel Chrëschten, déi hei a soss op der Welt, besonnesch sech asetze fir Auslänner, Randgruppen, Kranker, Verzweiwelter, Aidskranker, Drogenofhängeger, fir den Tiers- an de Quartmonde, ech denken un déi Fraen a Männer a Jugendgruppen, déi et net liicht hunn an enger Gesellschaft, déi vun Effikassitéit bestëmmt ass a keen anert Gesetz unerkennt wéi de séiere Profit. Ech sinn iwwerzeegt, et gëtt kee valabele Grond, fir un der Saach vum Jesus ze verzweiwelen.

D’Räich vum Herrgott ass eng onwahrscheinlech Chance, a fir den Erfolleg suergt Gott um Schluss selwer. An dësem Kontext ass et natierlech wichteg, net mam Onkraut och d’Fruucht erauszerappen. Jiddweree vun eis kennt déi ënner Zerrrassenheet a sech selwer, a senger Famill, a senger Uertschaft, a sengem Veräin, am Land, op der Welt.

Ech froe mech heiansdo: A wat méchs de dann? Du wëlls vum Glawen, Hoffnung a Léift schwätzen, an dann hues de selwer sou wéineg Glawen, da bass du selwer der Verzweiflung no, da bass de selwer granzeg an heiansdo ongenéissbar! Grad da kréien ech, a jiddweree un eis, vu Gott gesot: „Trotz denge Feeler méchs du eng wäertvoll a gutt Saach. Also looss emol béides zum Zuch kommen, ech selwer maache schonn den Tri tëschent deem, wat s du wolls an deem wat, trotz guddem Wëllen, eben net gegléckt ass.“

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu