lb fr pt en
Jahr A (2016-2017)  
24. Juni 2017

Zivilcourage

25.06.2017

Mt 10, 26-33

Vum Dietrich Bonhoeffer staamt de Saz: „Wer wollte dem Deutschen bestreiten, dass er im Gehorsam immer wieder das Äußerste an Tapferkeit und Lebenseinsatz vollbracht hat, dass aber fast nirgends Zivilcourage bei ihm zu finden ist.“ Den Auteur stellt also fest, datt am Mënsch e grousst Potenzial vun Asetzungskraaft besteet, wann et vun Uewe verlaangt gëtt, mee datt et net esou heefeg ass, datt ee fir seng Iwwerzeegung aus der Rei trëtt.

Op gutt Lëtzebuergesch géif dat vläicht heeschen: Këmmer dech dach ëm deng Saachen. Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit. Mësch dech net an. Sou oder ähnlech Grondsätz héiere mer ëmmer erëm. Se sinn eis aus der Erzéiung bekannt, aus der Erfarung an d’Dugend vun dem Zivilcourage ass ganz seelen erfuerbar. Firwat eigentlech? Wat hënnert de Mënsch drun, ze soe wat en denkt?

D’Grënn si verschidden. Si mer net esou erzu ginn? „Ech hu mech aus Loyalitéit dem Fraktiounszwang vu menger Partei gebeugt“, sou äntwert munche Politiker, wann eppes géint seng Iwwerzeegung trotzdeem vun him gestëmmt ginn ass. „Ech hu gemaach wat se gesot hunn, wat se mer opgedroen hunn. Ech hu nëmme meng Flicht gemaach“. Sou huet de Lagerkommandant vun Auschwitz geäntwert. „Dat war ëmmer esou“. Wéi oft hunn ech dee Saz héieren a wéi oft huet e mech terribel opgereegt. Mä muncher een denkt esou wien haut keng Faarf bekennt oder: Wat kann ech derfir, datt ëmmer méi Kricher entstinn? Sou eis Reaktioun op Fernsehnoriichten. Hei an deene verschiddene Formen ass och d’Angscht ze spieren, déi virum Widdersproch, virum Widderstand, viru Konflikter, virun Ausenanersetzungen, viru Verloscht vun Akzeptanz.

Dat heescht also, Ursaache firwat ee keen Zivilcourage huet, déi si villfälteg. Aus Angscht virun iergend eppes kënnt een negativ bewäert oder ofgewäert ginn. Et gëtt awer och Mënschen, déi an esou enger Situatioun echt an trei bleiwen. Si hunn dann och Motiver, déi se derzou bréngen sech anzesetzen, an dat kënnen Idealer sinn, dat kënne Virbiller sinn, dat kënne Bezéiunge sinn, dat kann awer och eng reliéis Iwwerzeegung sinn. Mënsche mat Zivilcourage fannen hir Kraaft ganz einfach an heefeg a sittlech Virstellungen, a Begrëffer wéi Gerechtegkeet, Solidaritéit, Wourecht, Fridden, Fräiheet, Eenheet. A bei all deem kann eng Grondhaltung erwuessen, déi derzou bäidréit fir d’Gläichgëltegkeet z’iwwerwannen an Zivilcourage ze weisen. Eng Haltung déi däitlech gëtt, déi erkennbar gëtt, am Mutt zu offener Kritik, am gesonde Mësstraue vis-à-vis vun deenen déi sech mächteg fillen; eng Haltung wou ee mam Fanger op d‘Onrecht weist, a wou et engem egal ass, wann een dobäi verschidde Sympathie géif verléieren.

Et ass net ëmmer einfach, awer et lount sech, a klenge Schrëtt dësen Zivilcourage anzeüben. Et ass noutwendeg, well nëmmen de muddegen Asaz an d’ëffentlecht Agestoe fir dat wat een als richteg erkennt, bréngt et fäerdeg, datt mer all bereet sinn d’Konsequenzen ze droen. Wie sech muddeg an der Ëffentlechkeet zu Wuert mellt, dee bréngt et wéinegstens deelweis 
fäerdeg, och déi aner a Fro ze stellen. Hie setzt dobäi säi gudde Ruff op d’Spill, riskéiert Verloscht, awer, e steet zu eppes. Et ass also wichteg sech mat der Fro ausenaner ze setzen, wifill een erdroe ka fir een net z’iwwerfuerderen, fir een net ze entmuddegen? En éischte Schrëtt steet an engem Nodenken an Ëmdenken. Näischt op der Welt ass selbstverständlech an automatesch esou wéi et ass. Maßstab fir d’Verhalen an d’Liewensorientéierung vum Chrëscht ass ëmmer d’Evangelium.

Also et ass guer net esou einfach fir säin eegene Liewensmodell vum Evangelium ëmmer erëm a Fro stellen ze loossen, an trotzdeem gëllt dat och hei. „Du brauchs keng Angscht ze hunn virun de Mënschen“, steet am Evangelium; den nächste Schrëtt ass dann, wann een eppes als gutt a richteg erkannt huet, dat och an d’Praxis ëmsetzen. All Dugend kann ageübt ginn, och de Mutt, fir sech ëffentlech anzemëschen, fir de Mond net ze halen. Fir sech esou ze behuelen, wéi een dat als richteg erkannt huet, fir sech vun Ufank un géint all rassistesch Parolen ze wieren, fir Benodeelegter anzetrieden, seng Meenung ze soen asw. Wéi fir deen eenzele Mënsch dësen Zivilcourage, dëst Amëschen ausgesäit, dat dierf een net allgemeng festleeën.

Fir deen een ass et en Ausdrock vun Zivilcourage datt en eng Petitioun ënnerschreift, fir en aneren ass et en Asaz fir e berechtegt Uleies vun engem benodeelegte Mënsch, fir e Jugendleche kann et sinn ënner Ëmstänn déi kritesch Stellungnam zur Schoul, zum Erwuessenen, säin Engagement am Porrot, an der Gemeinschaft. Jiddferee muss selwer léieren a senger perséinlecher Situatioun esouvill Mutt ze entwéckele wéi et grad méiglech an néideg ass. Et geet net ëm den Zivilcourage a sech, mä et geet ëm mäin Zivilcourage, et geet ëm mäin, däin Engagement.

Quelle: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu