lb fr pt en
Jahr A (2016-2017)  
15. Juli 2017

Gott rifft!

16.07.2017

Mt 13, 1-23

Dräi Sonndeger héiere mer elo Gläichnisser vum Jesus, exemplaresch Geschichte mat engem ganz bestëmmten Inhalt an enger ganz bestëmmter Form an Ausso. Haut geet et ëm dat berühmt Gläichnis vum Séimann. Ech kann elo iwwer de räichen Ertrag schwätzen, iwwer de Séimann a säin Erfolleg oder Mësserfolleg, oder iwwer déi verschidden Zorte vu Buedem. Ech wëll awer d’Frou Botschaft eraussträichen an duerfir hunn ech dat éischt Thema gewielt.
All Relioun sicht Wuerzele vum Liewen ze deiten, sicht d’Achs, de Mëttelpunkt kloer ze maachen, ëm dee sech alles dréit. Duerfir gëtt dann d’Natur zur Hëllef geruff. D’Mënschen si beruff, an der Meditatioun, an der Beobachtung, an der Iwwerleeung, an der Wëssenschaft Gott ze entdecken.

Bei de grousse monotheistesche Relioune vum Juddentum, dem Chrëschtentum an dem Islam, ass dat anescht. Hei sinn et Hierten, Mënschen aus dem Vollek, déi Gott entdecken: Abraham, Isaak, Jakob, Mose. Et ass e Gott, dee Gesellschaft sicht, dee sech de Mënschen uvertraut, deen op d’Mënsche baut, dee sech de Mënschen ausliwwert a sech op si verléisst. Dëse Gott, dee luet an, de Mënsch, deen entscheed, op hien dëst alles sou unhëlt oder net. Gott waart op eng Äntwert an e respektéiert dës Äntwert, egal wéi se ausfält.

De Jesus vun Nazareth steet an dëser Traditioun vu Mënschen, déi d’Wuert vum Herrgott bekannt maachen an esou ruffen a waarden, datt d’Mënsche verstinn an nokommen. Dëst Wuert, wéi et vum Jesus proklaméiert gëtt, huet eng besonnesch Qualitéit an ass an deem Sënn anescht wéi beim Isaak, Jakob, Abraham oder Mose. Dës Verkënneger vun der Botschaft vum Herrgott haten, wéi mir haut, och hir Schwieregkeeten, an hir Wierder hunn net ëmmer mat hirem Handelen an Denken iwwereneegestëmmt. Dat gëtt da ganz hefteg Konflikter.

Beim Jesus ass dat anescht. Hei klappt alles zesummen: Denken, handelen, schwätzen. A sengem Wuert gëtt also d’Räich vum Herrgott direkt siichtbar a fillbar. Säi Wuert huet domat eng onwahrscheinlech Ausstralung, awer och eng onwahrscheinlech Kraaft, well et dat bewierkt wat et ausdréckt. Awer, wéi bei senge Virgänger, huet et eng Schwieregkeet, et muss vum Nolauschterer ugeholl an opgeholl gi fir Fruucht ze bréngen. Gott wëll säin Erfolleg net mat senger Muecht garantéieren oder duerchsetzen, mä hie séint a waart of, wat geschitt. Sécher komme Froen op: Wien ass de Séimann, wien ass de Som, wien ass d’Därefeld, wien ass de gudde Buedem? De Kontext gëtt eis déi sécher a berouegend Äntwert: Jesus ass elo d’Wuert vum Herrgott, dat Mënsch ginn ass. Hien ass d’Wuert an d’Botschaft vum Herrgott, a senger Persoun. An den Erfolleg, sou seet eis dëst Geheimnis, ass leschtenends grouss, ganz grouss. Grad eis Chrëschten (mat de Judden an de Mohammedaner) sinn dës Gedanke vertraut. Gott rifft Mënschen a säin Déngscht; Gott sicht dauernd Partner; hien huet geruff, an hie rifft dauernd nei an der Geschicht zu allen Zäiten an alle Länner!

*Gott rifft net de Mënsch a senger Anonymitéit, oder nëmmen de Mose, de Jeremia, d’Maria oder d’Elisabeth, hie rifft dech an e rifft mech ganz perséinlech mat eisem Numm. A well ech dovunner iwwerzeegt sinn, dofir hunn ech och Grond ze gleewen an ze vertrauen!

*Seng Sprooch ass eendeiteg, kloer, däitlech, sécher, kontrolléierbar, siichtbar a fillbar, an der Persoun vum Jesus. Hei geet et net ëm wëssenschaftlech Theorien, hei geet et net ëm spitzfindeg Gesetzer an Normen, hei geet et an éischter Stell ëm Vertrauen, Glawen, Hoffnung, Léift, déi en Numm an e Gesiicht an der Geschicht hunn.

*Dofir gleewen ech mam Paulus, mam Péitrus, mam Andreas a mat villen anere viru mir an no mir: Gott wëll mech haut als Partner op där Plaz wou ech sti mat menge Feeler, menge Qualitéiten, menge gudden a menge schlechte Säiten. Ech gleewen och un d’Fruucht aus dësem Som, wann och ëmmer nees Bréimen a Steng versichen dat Ganzt onsiichtbar ze maachen oder z’ënnerdrécken.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu