lb fr pt en
Jahr A (2016-2017)  
1. Juli 2017

Ouni Asaz geschitt guer näischt!

02.07.2017

Mt 10, 37-42

Virun e puer Deeg hunn ech mat enger Mamm iwwer den Text vum Sonndesevangelium geschwat a si huet mer matgedeelt, datt si engersäits begeeschtert ass vum Jesus senger Botschaft, anerersäits awer och Angscht huet virun den Exigenzen, déi mat dëser Botschaft verbonne sinn. Ech kann nëmme mat dëser Beuerteelung averstane sinn. Mir geet et genau esou.

De Jesus dee wollt d’Verhaltungsweisen, och déi reliéis Verhaltungsweisen, och déi reliéis Strukturen hannerfroen. Déi herrschend Ideeën an Israel, d’Heel wat duerch d’Gesetz an duerch d’Befollege vu Reegelen a Virschrëfte geséchert schéngt, gëtt duerch d’Priedegt vum Jesus an duerch säi Beispill ganz kräfteg erschüttert. Hie fuerdert eis op dozou, op d’Zukunft vum Messias ze waarden an an der Zukunft esou ze liewen an esou verantwortlech ze handelen, wéi de Messias et scho virgelieft huet. D’Nofolleg ass also net eng Affär fir Marionetten, et ass och net eng Affär vu gëttleche Fonktionären, mä d’Nofolleg vu Jesus Christus ass ëmmer eng ganz perséinlech Entscheedung, e ganz perséinlechen Opruff wou ech jo oder neen derzou soe kann, mat alle Konsequenzen.

Jo, dat trëfft een a senger Bezéiung, a senger Sehnsucht. Hei geet et ëm de Liewensnerv. Ganz oft sinn ech iwwerfuerdert, an ech denken, Iech geet et och esou, wann Dir dës Wierder lauschtert oder se liest an op Iech wierke loosst? Oder? Se sinn eng dauernd Fro u mäi gelieftend Chrëschtentum. Zugläich ass et awer eng Aluedung zu engem eegestännege Liewen an enger eegener Verantwortung, mat enger realistescher Aschätzung vun deem wat d’Liewen eben ubitt: och Kräiz a Leed.

De Schlëssel zum Verständnis läit an der Verbonnenheet mat Jesus selwer, mat sengem Liewen an domat bei der Verbindung u säin an eise Papp am Himmel. D’Aluedung an d’Zousécherung vun der Léift vum Papp gehéiert net och zum Liewen, mä ass d’Liewen, de Mëttelpunkt, den Ufank an d’Zil, den Alpha an den Omega. Et geet hei ëm alles: Familljen, Gebuergenheet, Heemecht, Liewen an Dout. Elo ass et och kloer am Evangelium an am Liewe vu Jesus, datt net vun all Mënsch dat selwecht verlaangt gëtt, datt et ebe verschidden Déngschter an där selwechter Saach ginn. Jesus ass dankbar fir de Becher Waasser deen hien um Wee gereecht kritt vun der Samariterin, ass dankbar fir de Parfum deen d’Maria-Magdalena iwwert seng Féiss schëtt, ass dankbar fir d’Duch dat d’Veronika him reecht… Dës Opmierksamkeeten, déi gëllen och fir de Jünger a fir deen, deen an d’Nofolleg trëtt, fir eis alleguer.

Ech mengen, elo ginn eis Bedingunge vun eisem Text manner grausam. An dësem Austausch ginn et verschidde Rollen, verschidden Asäz, net jiddferee muss alles maachen. Am Räich vum Herrgott gëtt et ebe verschidden Aufgaben déi sech géigesäiteg ergänzen a beräicheren. Schonn en opmierksam gereechte Glas Waasser fir de Besucher huet eppes mam Räich Gottes ze dinn. Deen, deen d’Glas dohistellt, an deen, deen d’Ried hält stinn am Déngscht vun där selwechter Saach an déi béid gi bei Gott net ouni Merci hänke gelooss. Zugläich gëtt awer och esou kloer: ouni Asaz geschitt guer näischt, Chrëschtsinn kann een net an der Lotterie gewannen.

All Beruffung huet hir Aufgaben z’erfëllen. Mir all si vum Herrgott agelueden. Un eis ass et, dës Aluedung unzehuele mat senge Konsequenzen oder eben och net.

Source: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu