lb fr pt en de
Jahr A (2019-2020)  
14. März 2020

Eng wierklech Begéinung – a keen huet méi Duuscht

Kommentar zum 3. Faaschtesonndeg vum Martine Regenwetter (15.3.2020)

D’Vollek Israel ass opbruecht. Opbruecht géint Gott. Et versteet net, wisou Gott et esou kraaftvoll aus der Sklaverei befreit huet, him e Wee duerch d’rout Mier erëffnet huet, wann et ass fir datt et elo elendlech mat sengem ganze Véi an der Wüüst erdiischtert. D’Vollek ass duuschtereg, am réng kierperleche Sënn, mee och am spirituelle Sënn. Et brauch Gott, en Zeeche vun him, datt net alles ëmsoss ass an datt säi Wee e Sënn huet. Ouni Sënn ass et net méiglech weider ze goen.

Och am Text vum Jesus an der Samariterin ronderëm de Buer vum Jakob geet et ëm eng Fra an e Mann déi duuschtereg sinn.

D’Fra ass desillusionéiert vum Liewen a vun de Mënschen. D’40°-Grad-Hëtzt vun der Mëttesstonn verbrennt si manner wéi d‘Gestëppels an d‘ erofwierdegend Blécker vun hire Matmënschen, déi si kritiséieren a mëssuechten, ouni si wierklech ze kennen. Dofir geet si net mat hinne moies bei de Pëtz. Si ass vun deem Liewe midd, si huet et opginn him e Sënn ze ginn, géintiwwer hirem aktuelle Mann ass si mol keen Engagement méi agaangen.

Géintiwwer dem Jesus ass si mësstrauesch, si wëll verhënneren, nees enttäuscht ze ginn a stellt direkt kloer: ech si Samariterin an eigentlech wëllen d’Leit vun dengem Vollek näischt mat eis ze dinn hunn. A si präziséiert: souwisou kann dat hei näischt ginn: du hues kee Krou an de Pëtz ass déif.

Mee trotzdeem bleift si virwëtzeg a freet: bass du méi grouss wéi de Jakob? Hieren Duuscht no Gott ass méi grouss wéi hier Ofwier. Si léist sech op dem Jesus seng Wieder an, déi si lues a lues zu den Déiften an hier sëlwer féieren, do wou hien, Jesus, Duuscht dono huet, si ze begéinen. Sou wéi de Jesus no an no seng Identitéit präisgëtt, sou weess och d’Fra sech, mat allem wat si ass, erkannt an endlech ugeholl. Des Quell vu Léift entleedegt si net nëmme vun der Corvée Waasser sichen ze goen, mee befreit si dovun niddergedréckt ze liewen, agespaart ze sinn, souwuel an der Beuerteelung vun deenen Anere, wéi am Prisong vun hiren eegene Reaktiounen.

Datt d’Fra verstanen huet, datt si e Kand Gottes an zum Liewe befreit ass, mierkt een doran, datt op ee Schlag déi ganz Situatioun ännert. Si, déi sou op dat Praktescht fixéiert war, léisst hiert primäert Instrument, de Krou, carrement leien. Si, déi vrun der Duerfgemeinschaft geflücht ass an d’Hëtzt vun der Mëttesstonn, leeft an d’Duerf bei déi aner zeréck. Si, déi sech wéinst hirem Liewe geschummt huet, erkennt hier Situatioun elo oppen un. Si, op déi kee gelauschtert huet, erhält Gehéier an déi Aner loossen sech vun hire Wieder dozou beweegen, selwer aktiv ze ginn.

Och dem Jesus säin Duuscht gouf duerch dës déif mënschlech Begéinung gestëllt, d’Conversioun an dat befreitent Liewe vun der Samariterin hunn him erëm gewisen, datt Gottes Räich schonn um Wuessen ass, och wann et nach vill Mënsche gëtt, bei deenen seng frou Botschaft op daf Ouere stéisst.

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu