lb fr pt en
Jahr A (2019-2020)  
2. Mee 2020

U Gott gleewen heescht ëmdenken

Kommentar zum 4. Ouschtersonndeg vum Martine Regenwetter (03.05.2020)

Dat Bild dat de Psalm 23 vum gudden Hiert zeechent, berout um deemolege Liewe vun den Israelitten déi vun der Véizuucht gelieft, a mat hiren Häerden hin an hier gezu sinn. D’Béischte waren de Räichtum vun der ganzer Famill. Heizou seet d’Buch vun de Sprechwieder: „Connais bien l’état de ton bétail et porte attention à tes troupeaux. Car la richesse n’est pas éternelle et un trésor ne passe pas de génération en génération!“ (Pr 27,23) Am Alen Testament stellt Gott sech als den Hiert vu sengem Vollek duer: „Car ainsi parle le Seigneur Dieu: […] De même qu’un berger prend soin de ses bêtes […], ainsi je prendrai soin de mon troupeau; je l’arracherai de tous les endroits où il a été dispersé un jour de brouillard et d’obscurité.“ (Ez 34,11-12) Sou stellt och de Psalmist den intime Bond tëscht Gott a sengem Vollek duer. Mir kënnen doraus schléissen, datt mir dem Härgott seng Häerd sinn an datt all Eenzele vun eis a Gottes Aen en onschätzbare Wäert huet.

Allerdéngs kënnt et, wéi an all Relatioun, och drop un, wéi mir op dëse Bond äntweren. 2 verschidde Weeër héiere mir haut. De Péitrus steet virun engem Grupp vu jiddesche Pilger. Laang waren si ënnerwee op Jerusalem, hunn dobäi Psalme gebiet a Gott ugeruff säi Messias ze schécken. Lo verkënnegt de Péitrus hinnen, datt dëse Messias scho komm ass an der Persoun vu Jesus Christus, dee gekräizegt gouf mee dunn vu Gott zu neiem Liewen erwächt gouf. Fir déi fromm Judde war des Verkënnegung wéi en Donnerschlag. Mee well si sech um Wee no Jerusalem zu Gott hin ausgeriicht haten, war hiert Häerz oppe fir des Heelsbotschaft. Si sinn déif beréiert a verstinn ablécklech, datt dëst vun hinnen en Engagement verlaangt. Dem Péitrus seng Äntwert dorop ass den Echo op dem Johannes den Deefer seng Verkënnegung (Mt 3,2): „Bekéiert iech a loosst iech deefen op den Numm vu Jesus Christus fir d’Verzeie vun äre Sënden.“ An dat maachen der vill vun hinnen, well si verstinn, datt a Bezéiung mat Gott liewen heescht, sech ëmmer op e Neits no Sengem Wëllen auszeriichten a Sengem Wee no ze goen, och wann den net dohinner féiert, wou ee geduecht hat.

Eng ganz aner Reaktioun gesi mir am Evangelium. Just virun eiser Episod hat de Jesus ee Blanne geheelt. Mee anstatt dëst Zeeche vun Heel unzëerkennen, sichen d’Pharisäer no Argumenter, fir et kennen ze verwerfen. Si fillen sech an hirer Muecht bedreet a wëllen dat Evident net gesinn. Dofir vernennen si dee Geheelten a werfen hien aus dem Tempel. Dorops hin äntwert de Jesus hinne mat der Parabel vum gudden Hiert an de Raiber. Hie léist keen Zweiwel drun, datt d’Pharisäer fir hien zu de Raiber gehéieren, déi net kommen, fir der Häerd Heel ze bréngen, mee fir si ze schluechten an ze vernichten (Jn 10,10).

Jee no Moment gehéiere mir all entweder zu deenen déi verstanen hunn oder zu de Raiber. Loosse mer Christus bieden, datt hien heelt, wat eis Häerzer verschléisst. Sou kënne mir d’Freed mat him verbonnen ze sinn ausstralen an och anerer iwwerzeegen.

Quelle: Luxemburger Wort

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu