lb fr pt en de
Jahr B (2017-2018)  
2. Juni 2018

D’Geheimnis vum Broutbriechen

De Kommentar zu Erläichendag vum René Schumacher (3.6.2018)

Mk 14, 12-16, 22-26

Am Musée Thillenvogtei zu Wal kréien d’Kanner, déi sech z. B. op hir Éischt Kommioun virbereeden (an och hir erwuesse Begleeder), op eng flott an uspriechend Manéier gewisen, dass e Brout baken, richteg vill Aarbecht an eng Konscht fir sech ass. E Brout baken ass vill méi wéi nëmmen eng fäerdeg Bakmëschung mat e bësse Waasser an eng Broutmaschinn ze schëdden an dann ze waarden, bis d’Maschinn eis duerch e Piepse wësse léisst, dass d’Brout elo fäerdeg ass …

Als Grondnahrungsmëttel ass d’Brout e staarkt Symbol vum Zesummespill vun der Natur a vun der Aarbecht vun de Mënschen. Ausserdem ass d’Brout, dat gedeelt gëtt, och e wichtegt Zeeche vum Zesummeliewe vun der Famill a vun der Gemeinschaft. Haut ass dës Symbolik awer e Stéck wäit verluer gaang an alles anescht wéi selbstverständlech. Haut kafe mir eist Brout an der Regel ganz einfach beim Bäcker, am Supermarché oder op der Tankstell. An dacks kréie mir eist Brout esouguer fäerdeg geschnidden an eng Tut agepaakt, esou dass mir direkt an eis Schmier bäisse kënnen, ouni virdrun déi geréngsten Aarbecht domadder ze hunn. A well, hei zu Lëtzebuerg, déi meescht vun eis et sech leeschte kënnen, all Dag e frëscht Brout, frësch Bréidercher oder eng frësch Baguette ze kafen, gëtt d’Brout doduerch leider och zu engem Symbol vum Iwwerfloss an deem mir liewen. Den eigentlechen, déiwe Wäert vum Brout geet esou e Stéck wäit verluer.

Fir eis Chrëschten ass d’Brout awer nach vill méi …

Op Gréngen Donneschdeg deelt de Jesus net nëmmen einfach e Stéck Brout mat senge Frënn, mee am Geste vum Broutbriechen deelt hie sech hinnen (an och eis) selwer mat. Am Brout léisst Gott sech fir eis „zerbriechen“ an un eis ausdeelen. Et ass bestëmmt keen Zoufall, dass d’Emmausjünger de Jesus no senger Opersteeung grad am Geste vum Broutbriechen erkannt hunn. Dëst Geheimnis feiere mir mar, op Erläichendag. An engem onscheinbare Stéckelche Brout begéint eis Gott; an engem klenge Stéck Brout, geet hien eng richteg déif Relatioun mat eis Mënschen an. Am Mëttelpunkt vum Fest vu mar steet also e ganz zentrale Punkt vun eisem Glawen: Wa mir Chrëschten am Gottesdéngscht d’Brout zesummen deelen, da begéine mir an dësem Brout Jesus Christus selwer. Gott selwer mécht sech ganz kleng, fir sech eis an engem einfache Stéck Brout ze schenken.

Wie mech kennt, dee wees, dass ech kee Fan vu Prëssessioune sinn, awer Erläichendag a besonnesch déi domadder verbonne Prëssessioun erënnert mech all Joers nees dorunner, dass dee Gott, un dee mir Chrëschte gleewen, eis an eisen Alldag begleed.

Op Erläichendag geet d’Prëssessioun, gi mir, als lokal Glawensgemeinschaft aus der Kierch, aus dem Kierchegebai eraus. An am Brout geet Gott mat eis aus dem Gebai eraus, an eisen Alldag eran, op déi Plazen, wou mir wunnen, wou mir schaffen, wou mir eis Fräizäit verbréngen, wou eis Kanner an d’Schoul ginn, wou si spillen, wou eis al oder krank Matmënsche versuergt a gefleegt ginn …

Dofir ass Erläichendag e schéint an e wäertvollt Fest, well et erënnert eis drun, dass mir als gleeweg Mënschen ni eleng sinn. Et erënnert eis drun, dass mir eise Glawen net un der Kierchendir „ofleeën“ dierfen, mee dass de Glawen e feste Bestanddeel vun eisem Alldag sollt a misst sinn.

Quell: Luxemburger Wort

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu