lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
19. Dezember 2017

I say you are Lord! And I should know, I’ve followed a few!

Op dee weisen, deen d’Liicht vun der Welt ass

„Du bass de Messias! An ech muss et wëssen, well ech si schonn e puer nogaang!“ Vläit ass de Film „Das Leben des Brian“ net onbedéngt eng fiabel Quell fir sech Gedanken iwwert de Messias ze maachen, mee trotz allem bréngt dëst Zitat d’Scheiteren op de Punkt. Am Advent zélébréiere mer d’Waarden an entdecke säin déiwe Sënn. Et feelt äis haut net un Duuscht nom Liewen, dat geléngt, u Sehnsucht no Gott. Och am Gespréich mat Jonke mierkt een dacks, datt et hinnen net anescht geet wéi den Erwuessenen an hir Froen déiselwecht sinn: wéi ka mäi Liewe geléngen? Wéi kann ech Bezéiunge liewen, déi wäertvoll sinn? Wie gëtt mengem Liewe Sënn?

Fir d‘Responsabel, déi dës Sehnsucht erkennen an déi Jonk begleede sollen, ass dat dacks e kriddelege Punkt. Déi Jonk brauche Leit op hirem Wee, déi Weebereeder sinn an déi soen: „Ech sinn et net!“ Am Evangelium vum drëtten Adventssonndeg gëtt et ausdrécklech als Bekenntnis formuléiert: de Johannes den Deefer bekennt, „ech sinn et net!“ Wa Jonker bei äis kommen an no deem froen, dee si fräi mécht, däerfe mer si net aspane fir d‘Catéchèse en paroisse ze organiséieren, Lidderblieder auszedeelen, Fürbitten ze schreiwen an eiser Kierch e jonkt Gesiicht ze verpassen. Huele mer äis de Johannes zum Virbild andeems mer op dee weisen, deen d’Liicht vun der Welt ass.

Uwe FRANZEN
uwe.franzen@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu