lb fr pt en de
Jahr B (2017-2018)  
29. März 2018

Tut dies zu meinem Gedächtnis

Kommentar zum Gründonnerstag vum Abbé Fernand Huberty (29.3.2018)

Gedanken zum Johannes-Evangelium (13,1-15)

De leschten Owend vun engem Liewen, a wat e Liewen, war voller Beweegung. Beweegt, gedroe vun der Iwwerzeegung datt Gott, dee Gott vun de Liewegen an net vun den Doudegen ass. Mat där Iwwerzeegung ass de Jesus duerch Israel gezunn, gefuerdert vun deene villen deenen Hie begéint ass, erausgefuerdert vun deene Mënschen déi sech mat him engagéiert hunn, a Fro gestallt vun deenen déi mat Him um Wee waren.

Dee leschten Owend vun esou engem beweegte Liewen, wéi oft war et Him passéiert, datt Mënschen sech vun Him beweege gelooss hunn. Wivill hat Hien der befreit vun hiren äusseren an ënnere Fesselen, wivill sinn der befreit duerch Hien openaner zougaang an hunn endlech zum Liewe fonnt?

Ech ka mer de Jesus net anescht virstellen, wéi e Mënsch deen d’Liewe gär huet, an deene Mënschen deenen e begéint zum echte Liewe weiderhëlleft. Ech ka mer virstellen, wéi der vill gestaunt hunn, wann se duerch de Kontakt mat Him fräi gi sinn. Zweiwellos war dat alles präsent, dësen Owend an den Erënnerungen, et ass dervu geschwat ginn, et ass dervun erzielt gi vun deene gemeinsame Joren zesummen. Zu gläicher Zäit ass ofzegesi wat deen aneren Dag géif passéieren. De Konflikt spëtzt sech zou. Et kënnt zum Enn vun engem Liewen, dat e beweegt a beweegend Liewe war. Ech menge wéi bei all Mënsch, koum bei den Apostelen, koum beim Jesus, den Drang op fir dat festzehalen. Ass et net einfach méiglech, dat Schicksal do, wat sech zouspëtzt ofzewenden, solle mer eis net einfach zréckzéien? Solle mer net einfach opginn? Et wär wahrscheinlech méiglech gewiescht, awer an deem Abléck wär all Fräiheet fleete gaangen. An deem Abléck wär dem Jesus seng Aufgab zu Enn gaangen, wär säi Liewe sënnlos ginn, well Hien net méi trei gewiescht wär zur Botschaft vum Räich Gottes, déi Hie verkënnegt huet.

Et ass e Grondgesetz vum Liewen, vun allem Liewen. Eng Beweegung kann een unhuelen, et kann ee matgoen oder et kann een se zerstéieren, mä jiddefalls kann een se net festhalen. Jesus ass trei an dëser Beweegung, Hie léisst lass. Dat gëtt elo vun Him gefuerdert. An als Zeeche vun dësem Lassloosse wielt Hien Zeechen déi jiddwer Mënsch direkt versteet, Brout, Wäin, Fusswaschung. Doraus kënnt Kraaft fir déi, déi derbäi sinn an der Beweegung vum Liewen a prett sinn anzeklammen. Eng Beweegung déi se fir d’éischt vun hirem Frënd, vum Sënn vum Liewen, ewech féiert, awer spéider begeeschtert.

Léif Frënn, haut den Owend feiere mir d’Erënnerung un de leschten Owend vu Jesus. Mir feieren awer och d’Erënnerung un eisen éischte vollstännegen Antrëtt an dës Gemeinschaft mam Jesus: eis éischt Kommioun. D’Fro stellt sech: „Hu mir déi Begeeschterung behale vun der éischter Kommioun? “ Ass eist Liewe säit där Zäit an där selwechter Beweegung bliwwen? Konkret? Wa mer opstinn an der Mass, eis Plaz verloosse fir kommunizéieren ze goen, da kënnt ee vläicht dee klenge Wee deen een do mécht derzou benotze fir ze kucken, wat ass elo d’Aufgab, wat heescht et elo opzeginn: zum Beispill Pläng, déi net méi passen, Frënn, Frëndinne, mat deenen een sou intensiv gelieft huet, an déi haut aner Weeër ginn, oder gestuerwe sinn, Kanner déi erwuesse sinn, an déi drop waarden, fir fräi gelooss ze ginn oder sech einfach fräi gemaach hunn, bei engem Aneren ass et vläicht d’Gesondheet, d’Hoffnung nach laang esou ze liewe wéi et bis elo war, déi lues a lues verschwënnt? Wot de Schrëtt, lasszeloossen a kommt. Huelt dat Geschenk un, dat Brout. Et kann eis nähren, et kann eis Kraaft ginn, et kann eis Mutt ginn fir an d’Zukunft ze kucken an dat Liewe vun haut unzekucken esou wéi et ass. Mat de Mënschen déi elo an eiser Mëtt sinn, mat der Erfarung déi mer elo maache kënnen, mat deem iwwerraschend Schéine wat d’Liewen elo eis bitt. Da kënne mer gestäerkt op eis Plaz zréckgoen an den Alldag, dat heescht op déi Plaz wou et haut gëllt ze liewen, op déi Plaz wou et haut gëlt dës Botschaft ze verkënnegen, wou et haut gëllt an déi Kommioun vun der Gemeinschaft anzetrieden.

Jiddwereen huet do seng Plaz. Jiddwereen huet do seng Aufgab. Jiddwereen huet do seng Charismen. Déi gëllt et unzehuelen an déi gëlt et ze entwéckelen, déi gëlt et awer och mat aneren ze deelen, an anerer derzou ze hëllefen, datt si och eppes dovunner hunn. Sech beschenke loossen, sech nähren a weiderginn. Dat war ëmmer esou an dat wäert och an der Zukunft esou bleiwen. Dat ass d’Grondbeweegung vum Liewen, et ass och d’Grondbeweegung vum Liewe vu Jesus. Nëmmen esou kënne mer Him op der Spur bleiwen, nëmmen esou si mer sécher, datt Gott eis dréit. Loosse mer mat Him a mat allen anere Mënschen haut den Owend an dës Kommioun mat antrieden.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu