lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
23. Januar 2016

Hei an elo

24.01.2016

Lk 1,1-4;4,14-21

Um Ufank vum Lukas-Evangelium gëtt ee Schrëftwuert vum Jesus zitéiert: „Der Geist des Herrn ruht auf mir. Er hat mich gesandt, dass ich den Armen eine gute Nachricht bringe, den Gefangenen die Entlassung verkünde, den Blinden das Augenlicht, damit ich die Zerschlagenen in Freiheit setze und ein Gnadenjahr des Herrn ausrufe.“

An da steet e ganz wichtege Saz um Schluss vum Evangelium vum Dag: „Heute hat sich das Schriftwort, das ihr eben gehört habt, erfüllt.“ Haut ass et esou wäit. Haut, bei de Leit zu Nazareth, deenen en dat jo seet. Et kann ee sech virstellen, datt si frou doriwwer waren. Lo ware si mol endlech un der Rei, net nëmmen déi dohannen zu Kapharnaum. Fir si heescht elo: haut. Mee da kënnt et ganz anescht. Haut bleift e Wuert, sief et an der Priedegt oder am Zitat vum Jesaia. Näischt gëtt bei hinnen erlieft. D‘Erfëllung geschitt zu Kapharnaum. Dat hunn se héiere vun deene Blannen, vun deenen déi ronderëm waren, mä zu Nazareth, näischt. Et ass enttäuschend. Se si rosen, si geheien de Jesus eraus a wëllen en ëmbréngen. An hie geet einfach fort.

Zwou Erfahrunge sinn do matenaner verbonnen. Déi eng steet ganz däitlech beim Markus, wann e seet: „E Prophet huet et schwéier a senger Heemecht“. Do kennt jo jiddwereen hien a seng Elteren, a wees, wat fir eng Naupen en 
huet. Di aner Erfahrung ass d’Tatsaach datt de Glawen et ëmmer schwéier huet, wann een net beweise kann, datt Gott um Wierken ass.
D’Evangelium vun haut léisst sech awer och anescht liesen. De Jesus wollt de Leit vun Nazareth, déi e kannt huet, déi e gären hat an net iergere wollt, tatsächlech déi gutt Noriicht verkënnegen. Hie wollt hinne klor maachen: dat wat zu Kapharnaum geschitt ass, ass wichteg, och fir eis hei zu Nazareth.

Geet et eis dann net d’selwecht? Wann iergend e Missionar eis erzielt, wat hie schafft an der drëtter oder an der véierter Welt, wa mer um Fernseh Biller gesinn, wou sonndes eng Mass erlieft gëtt mat Freed, mat Schwong, mat Danz, da solle mer eis freeën driwwer, datt d’Räich Gottes wiisst, egal wou, och wann et beim Noper ass, an net bei eis.

Eist Chrëschtentum ass vill méi wäithäerzeg wéi mir eis dat oft virstellen. Och ausserhalb vun der kathoulescher Kierch wierkt de Geescht vum Herrgott. Dat kann och heeschen, ganz dobaussen. Erënnere mer eis un d’Wieder vum Poopst François: Mir sollen d’Leit un d’Ränner vun der Kierch siche goen. Wa mir an dëse Wochen un d’Eenheet vun de Chrëschten denken, a besonnesch derfir bieden, da gëtt et Zäit datt mer endlech all eis Streidereien vergiessen. Da mierke mer, datt haut d’Botschaft vum Herrgott an Erfëllung geet, iergendwou op der Welt. An doriwwer solle mer ons freeën.

Heiansdo sehnen ech mech eigentlech guer net no Perfektiounen an no iergend engem Kapharnaum, mä ech si frou fir dat, wat mir alleguer zesummen hei fäerdeg bréngen. Mir si vläicht wäit ewech vun enger perfekter Gemeinschaft, déi probéiert d‘Botschaft vu Jesus an d’Liewe vun haut z’iwwersetzen. Loosse mer ons un der Bibel inspiréieren! Eréischt wa mir bereet sinn, dat Positiivt bei deenen Aneren z’entdecken an et fir eis nëtzlech ze maachen, eréischt da kënne mer och voller Vertrauen an d’Zukunft kucken, an zwar ouni ze soen: „Mir sinn nach net esou wäit“. Dat dierf awer keng Ausried gi fir iwwerhaapt kee Schrëtt ze maachen. Grad beim Lukas steet et un entscheedender Stell: Et geet ëm den Haut, fir ons grad esou gutt wéi fir d‘Leit vun demools.

De Paul Galles huet mol eng Kéier geschriwwen: „Die Bibel ist das Megaphon der Liebe Gottes“. Dat ass et. Mir mussen esou aus der Bibel schäffen, datt mir selwer zu engem Megaphon vun der Botschaft vu Gott ginn. An dat an eiser Gemeinschaft, wou mer zesummeréckelen, och bildlech, ronderëm den Altor, och iwwer eis 
eege Gemeinschaft eraus: net iergendwann, mä haut, net iergendwou, mä hei, net bei iergendengem, mä bei dir a bei mir.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu