lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gebuert vum Här - Dag ABC

Joh 1,1-5.9-14

Kontext

D’Evangelium vu Chrëschtdag am Dag kënnt aus dem Johannes Prolog (Joh 1, 1-18); dat ass de Pendant zum Mt an dem Lk hire Kandheetserzielungen: och hei gëtt erkläert, wien dee Jesus vun Ufank u war.

Wéi an engem antiken Theaterstéckt ginn am Prolog d’Acteure virgestallt an d’Drama ëmrass. - Ähnlech Hymne sinn awer och bekannt aus der urchrëschtlecherLiturgie vun Ephesus.
An de Vv. 6-8. gëtt de Johannes den Deefer ugekënnegt an an de Vv. 19-28, direkt nom Prolog, kréie mer d’Zeegnes, dat de Johannes den Deefer da ginn huet, verzielt.

Text

Am Ufank war d’Wuert... (V. 1)
Tselwescht wéi a Gen 1, 1 fängt et u mat “am (net”um") Ufank; an am Ufank, do war (Imparfait vun der Dauer) d’Wuert. Et ass also net ee Moment aus der Weltgeschicht geméngt, mee, den Ufank vun allem. Dëst Wuert, de Logos kann awer och en Ierwstéck snn aus der Wäisheetsliteratur (Spr 8, 23ff; Sir 24, 1ff) an dem hellenistesche Juddentum (z. B. an Egypten; an dësem Deel vun der juddescher Welt goufen déi griichesch Philosophe studéiert an hir Schrëften am Bezuch op déi juddesch helleg Schrëften, cf. eist A.T., diskutéiert – wat zu Jerusalem awer guer net gäre gesinn ass ginn): de logos ass do dee perfekten Ausdrock vum göttlechen, vu Gott. Well de Jesus, an dëser Denkweis, duerch d’Inkarnatioun gesi ginn ass als dee perfekten an net-ze-iwwerbiddenden Ausdrock vum onsichtbare Gott, gouf hie Logos betitelt; Spuere vun dëser, eis relativ friemer Gedankewelt, fanne mer och a Kol 1, 15; Phil 2, 6; Heb 1, 3; 1 Joh 1, 2.

... an d’Wuert war bei Gott (Vv. 1.2)
Wuertwiertlech “an d’Wuert/de Logos war Richtung Gott”; t’éischt gëtt gesot, de Logos wier net Gott, mee da kréie mer gesot, datt si a Bezuch een zu deem anere stinn (cf. och Joh 5, 17-30). Vläicht hu mer hei schonn en Ufank vun deem, wat spéiderhin an de christologeschen a Dräifaltegkeetsdogmen versicht gëtt auszedrécken.

Alles ass duerch et entstan, an ouni d’Wuert... (V. 3)
Hei hu mer nach eng Kéier déi wäisheetlech Stréimung, déi duerchschéngt; duerch de göttleche Logos (heiandsdo och déi göttlech Wäisheet) gouf d’Welt geschafen (cf. Ps 33, 6.9; 147, 15ff; Jes 40, 26; 48, 3; Wsh 9, 1; Sätz ewéi Gen 1, 3 stoungen evtl um Ufank vun esou Iwwerleeungen). - De Joh seet, datt d’Welt an alles soss geschafe gouf duerch Gott an duerch de Logos (= fir de Joh, de Jesus). D’Verbe entstoen ass eng Uspillung un den 1. Schöpfungsbericht, wou, duerch dem Herrgott säi Wuert, den Dabar (= Gott seet eppes, an et geschitt), alles entsteet.

An him war d’Liewen,... (V. 4)
A Gen 1, 3 ass d’Liicht (V. 4b) dat éischt, dat duerch dem Herrgott säi Wuert enstanen ass; an de biblesche Schrëften ass d’Liicht awer net einfach Luucht, mee och d’Liicht fir/vum d’Liewen (cf. Jes 9, 1; 60, 19f; cf. Joh 8, 12). D’Däischtert = déi, déi de Logos-Jesus net unhuele wollten – an déi sech op déi Manéier, dem Joh no, selwer geriicht hunn.

Dat wierklecht Liicht, dat jidder Mënsch... an d’Welt huet et net erkannt (Vv. 9.10)
De V.9 ass eigentlech e Résümee vun dem Mt an dem Lk hirer Kandheetserzielung. An de Vers 10 verzielt wéi d’Geschicht tragesch ausgeet; de Joh hätt hei nees kënnen d’Verbe unhuele gebrauchen, wéi am Vers 5, mee, hien hëlt erkennen, wat am biblesche Sproochgebrauch heescht eng Erfahrung maache mat. D.h. d’Welt (beim Joh, déi béis Welt) wollt sech net op dat Liicht = d’Liewen, dat am Logos = Jesus war, deen am Ufank schonn bei an a Gott a Richtung Gott war, aloossen. De V. 11 gëtt méi konkret: seng eege Leit hunn dat Liicht net opgeholl; och an der Passiounserzielung gëtt de Joh de Judden d’Schold un dem Jesus senger Veruerteelung – wat am Laf vun der Geschicht vill Bluttvergéisses mat sech bruecht huet.

Ma all deenen, déi et opgeholl hunn,... (Vv. 12.13)
D’Initiativ geet vu Gott aus (cf. V. 13d). Kanner vu Gott ginn ass e roude Fuedem duerch d’joh Schrëften; cf. z B. Joh 3, 3-7; 11, 52; 1Joh 3, 1f.10; 5, 2.4.18. - Den Numm (V. 12c) bedeit de Mënsch u sech mat allem, wat hien duerstellt; déi un säin Numm gleewen = déi him mat allem, wat hien duerstellt (= fir de Joh, dem Jesus ) vertrauen.

An d’Wuert ass Fleesch ginn,.... (V. 14)
Fleesch = sarks = de Kierper a senger Gebriechlechkeet, e Stéck Fleesch eben; de Joh beschreiwt an zimlech graffe Wierder d’Inkarnatioun (vgl. d’Gebuertsukënnegung un d’Maria!); vläicht hu mer hei, historesch gekuckt, eng Reaktioun op den Doketismus, deen déi Zäit, wou d’Joh wahrscheinlech néiergeschriwwe gouf, schonn Unhänger hat an dee behaapt huet, d’Inkarnatioun wier nëmme fir de Schäi gewierscht (= de Jesus war net wierklech Fleesch, hien huet net wierklech gelidden,...; et hat alles nëmmen deen Uschäin; doderhannert stoung d’Iwwerzeegung, datt Gott sech ni esou wäit erofloosse kéint ouni net méi Gott ze sinn.

... an et huet säin Zelt ënner äis opgeschloen (V. 14)
mer hunn hei eng Uspillung un d’Allerhellechst am Tempel, d’Präsenz vu Gott, do wou hien de Mënsche seng Herrlechkeet (V. 14c) weist (Ex 25, 8; 40, 34f; Num 35, 34; 1R 8, 10-13; Jes 6, 1-4; asw); fir de Joh weist de Jesus seng Herrlechkeet an den Zeechen (Wonner, Heelungen,..., déi iwwert sech erausweisen op deen/dat, wat de Jesus wierklech ass), déi hie mécht (c.f. 2, 11; 13, 31; 17, 2-5. 22f).

... deen eenzeg an eleng aus dem Papp gebuer ass, voll vu Gnod a Wourecht
hei hu mer den “eingeborenen Sohn” aus dem Credo; d’Relatioun tëscht Gott an dem Wuert/Liicht/Jesus ass eenzegaarteg; dowéinst ass hie voll vu Gnod a Wourecht, eng Uspillung un Ex 34, 6 wou dem Herrgott seng Guttheet, déi Hien seng Gowen iwwerräich ausdeele léisst, esou ähnlech ëmschriwwe gëtt. De Joh-Prolog ass fir eis schwéier ze verstoen, well an him Ierfschaften aus der juddescher Wäisheetsliteratur, aus der Apologetik géint den Doketismus, christologesch Iwwerleeungen, altestamentlech Zitater, asw matenee verwierft sinn. Mee, eigentlech a wéi schonn zu ugangs gesot, wëlt de Prolog näischt anescht wéi d’Kandheetserzielungen an dem Mt a Lk, nämlech, duerch de Brëll vun Ouschteren, soen, wien de Jesus vun Ufank u war.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu