lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Karfreideg ABC

Joh 18,1-19,42

Kontext

No deene laange Kapitelen, wou de Jesus säin Testament gemeet an senge Jünger Äddi gesot huet (Joh 13-17) fänken elo d’Erzielungen iwwert d’Passioun an d’Operstéiung un (Joh 18, 1-19, 42). An an dëse Kapitele kënnt de Joh méi no un d’Synoptiker erun; dat ass wahrscheinlech esou, well d’Erzielungen iwwert dem Jesus säi Leiden an säin Operstoen den eelste Kär sinn, deen iwwerhaapt vun den Evangelien néiergeschriwwe ginn ass; et ass 1. ënnert dem Bléckwénkel vun Ouschteren, duerch dee Brëll, an 2. am ‘Dialog’ mat hire Schrëften (eist A.T.) wou déi éischt Chrëschten sech un d’Geheimnis vun deem (historesche) Jesus vun Nazareth erugetaascht hunn. Bei déi Verkënnegung/Katechees koum derbäi, 3. datt d’Chrëschten ëmmer erëm hu misse gesot kréien duerchzehalen an sech Méi ze ginn a 4. datt si sech schonn no baussen hin hu misste verteidegen. – De Joh huet tselwescht wéi deen eelsten, de Mk: de Jesus gëtt ‘am Goart’ festgeholl, hie kritt de Prozess virun den Eelste vun de Judden gemeet, gëtt vum Péitrus verleegent, de Prozess virum Pilatus, d’Kräizegung, dem Jesus säin Doud, d’Begriefnis; mee, de Joh huet, vläicht méi nach wéi de Mt oder de Lk, dësen Erzielunge säin theologesche Stempel opgedréckt, z. B. verzielt hie guer näischt iwwert dem Jesus seng Agonie: fir de Joh steet de Jesus esouguër um Kräiz, reegelrecht iwwert deem Ganzen; anerersäits hëlt de Prozess virum Pilatus vill Plaz an. – Mär dinn eis vläicht schwéier, wa mer d’Passiounserzielungen aus deene véier Evangelie matenee vergläichen, mee, vläicht hëlleft et, wa mer eis soen, datt de Fong (de Jesus gouf festgeholl, virun déi verschidden Autoritéite gefouert fir de Prozess gemeet ze kréien, gouf veruerteelt, gekräizegt– esou wéi mer et am Credo soen) historesch ass, mee, datt dat, wat mer an den Evangelie liesen, eng Katechees ass, Erzielungen, déi wéi e Stéck Stofft, mat Theologie agefierwt si ginn, a jiddfer Evangelist (well hien anerwäerts fir aner Leit geschriwwen huet) huet eng aner Foarw geholl.

Text

De Jesus ass mat senge Jünger op déi aner Säit vun der Baach Kedron gaang;... (Vv. 1-11)
Den Ufank ‘wéi hien dëst gesot hat’, wat d’Passioun mam ‘Testament’ vu virdru verbënnt, ass am liturgeschen Text ewechgelooss (V. 1). – Den Dall vun der Baach Kedron trennt den Olivebierg vu Jerusalem. – D’Synoptiker nennnen dëse Goart ‘Gethsemani’ (Mk 14, 32; Mt 26, 36); de Joh einfach ‘Goart’, an hie léisst och dem Jesus säi Gebied (bis op de ‘Kielech’, V. 11) do ewech. – Déi zwou Autoritéiten kommen (reliéis a weltlech; eng Kohort, deemno, ier dat d’Réimer waren an/oder d’Tempelmiliz, waren et tëscht 200 an 1000 Leit; eegal wéi, de Joh wëlt weisen, zu wéivill se ausgezu si fir de Jeus matzehuelen (V. 3), gefouert vum Judas (wat bestätegt, cf. 13, 30, datt d’Däischtert do ass); a si si gutt ausgerüst komm mat Fakelen, Lanteren a Waffen (V. 3). – An dëser ganzer Szeen gëtt de Jesus duergestallt als de würdevollen Här a Meeschter esou wuël vun deem, wat elo ufänkt ze geschéien, wéi iwwert d’Leit, déi do eng Roll spillen (Vv. 4.11; cf. och 12, 20ff; 13, 1.3); hien hëlt esouguër nach seng Jünger a Schutz (V. 8; cf. Joh 17, 12; 16, 32); et ass jo keng einfach Fatalitéit, datt hien elo festgeholl gëtt, mee, et ass esou fir datt d’Schrëft erfëllt gëtt (esou d’Iwwerzeegung vun den éischte Chrëschten, Vv. 9.11). – Et ass de Jesus, deen op seng Géigner duergeet (V. 4) an deen zweedäiteg op hir Äntwert äntwert (Vv. 4-8): fir dem Joh seng Lieser/Nolauschterer ass kloer, datt de Jesus hei net einfach seet ‘Jo, ech sinn den xy, deen der sicht’, mee, datt hien hei mat deene Wierder äntwert, déi sech wéi e roude Fuedem duerch d’Joh zéien (29x seet de Jesus entweder einfach ‘ech sinn (et)’, oder mat engem Attribut hannendrun, z. B. ‘ech sinn d’Dier’, ‘ech sinn den Hiirt’). – ‘Ech sinn (et)’ geet op d’Theophanie vum Bierg Sinaï zréck (Ex 3, 14), wat dann am Hebräesche gëtt ‘ani hu’ = ech sinn (et), wa Gott sech matdeelt (cf. Dtn 32, 39; Jes 43, 10-13; 51,12; 52, 6.12); déi éischt Chrëschten, déi hir Schrëft (eist Aalt Testament) gutt kannt hunn, hu verstanen, datt dat Sech-matdeele vu Gott, dat mat dem Exodus ugefaangen huet, am Laf vun der Geschicht vun Israel weidergaangen ass an am Jesus säin Héichpunkt fonnt huet; dat kann net méi iwwerbuede ginn: déi Präsenz fir Säi Vollek, déi um Sinaï ugefaangen huet, kritt hir Erfëllung um Golgotha (cf. Joh 8, 28). Dräimol (d’Ziffer vun der Komplettheet) seet de Jesus feierlech ‘ech sinn (et)’ (Vv. 5.6.8) – an déi vill Leit, déi hie siche komm sinn, sinn hannerécks op de Buedem gefall (V. 6)! Si begéinen hei am Nazoräer (V. 5) deem Gerechten, virun deem seng Géigner tiirkelen (Ps 27, 12; 35, 4) an nach vill méi: fir e kuerze Moment schéngt hei am Goart de Gott vum Sinaï duerch. – Dem ‘Péitrus’ säin Optrëtt gouf an deene véier Evangelie festgehal (Mk 14, 36; Mt 26, 39; Lk 22, 42), mee nëmmen de Joh seet, datt et eben dem Simon Péitrus säin Optrëtt war an datt de Kniecht Malchus geheescht huet. – Mee, de Jesus ass net mat him averstanen: hien drénkt de Kielech, deen de Papp him ze drénke gëtt (V. 11), a bleiwt sengem Opdrag trei. Bei engem juddeschen Iessen ass et de Familjepapp, deen de Gäscht hire Kielech mat Wäin fëllt. Dohir kënnt d’Bild vun der Begabung/Kielech, déi de Mënsch vu Gott kritt (cf. Ps 11, 6; 16, 5); d’Bild vum Kielech, dee vu Gott kënnt, gëtt och gebraucht fir d’Endzäit z’ëmschreiwen (LIESEN, Jes 51, 17.22; Jer 25, 17.28; 49, 12; Ez 23, 31f); de Jesus gräift also hei eng Metapher op, déi de Leit bekannt war. – De Joh huet eis drop virbereed: an dem Jesus senger Passioun treffen zwou Welten openeen, an, wann de Jesus och, mënschlech gesinn, eléng do steet, sou ass hien et dach net, well hien a Verbindung steet mat sengem Papp, deem hien esou no steet, datt hie ka soen ‘ech sinn (et)’. Esou ass a bleiwt hien Här a Meeschter – eegal wat d’Däischtert och géint hien ënnerhëlt.

D’Kohort, hire Komandant an de Judden hir Dénger hunn de Jesus geholl... (Vv. 12-27)
Tselwescht wéi de Mk an de Mt verzielt de Joh vun zwee ‘Prozesser’: ee virum Hannas (dem Kaiphas sengem Virgänger als Hohepriister vum Joer 6-15, deen den Titel nom juddesche Brauch bäibehalen huet, cf. Vv. 15.16.19.22, a Schwéierpapp, V. 13; si ware Sadduzäer, also roumfrëndlech, an hunn z.B. net un eng Operstéiung gegleewt) (Vv. 18-23) mat enger Etapp beim Kaiphas (Vv. 24.28) an duerno, dem Haaptprozess fir de Joh virum Pilatus. – De Joh verzielt vläicht net vun enger Versammlung vum Sanhedrin, well fir hien dem Jesus säi Prozess mat de Judde queesch duerch d’ganzt Evangelium geet (cf. 1, 51; 2, 19; 10, 24f.33.36; an 11, 47ff op deen 18, 14 verweist) an hiirt Uerteel souwisou scho feststeet. – De Joh gebraucht gären ouni Nuance ‘d’Judden’: fir hie sinn si déi béis, déi de Jesus net ugeholl hunn an déi Schold sinn u sengem Doud. Ouni de Joh entschëllegen ze wëllen, erkläert déi Haltung sech aus der konfliktueller Situatioun tëscht ‘de Judden’ a senger Gemeinschaft (wahrscheinlech d’Nowéie vun der Versammlung vu Jamnia, wou, no der Zerstéierung vum Tempel a vu Jerusalem haaptsächlech d’Pharisäer versicht hunn ze retten, wat ze rette war an dunn an der Synagog keng Leit, déi aus der Rei gedanzt sinn, wéi eben d’Chrëschten, gebrauche konnten; dat huet natierlech och lokal zu ganz grousse Spannunge gefouert; well ausser, datt d’Synagog nach déi reliéis Heemecht vu ville Chrëschte war, war d’Memberschaft an enger Synagog och eng Krankeversécherung, eng Versécherung géint eng Faillite, Noperschaftshëllef, asw.). D’Tendenz an de Judden déi schëlleg ze gesi gëtt duerch d’Schrëfte vum N.T. erduerch mat der Zäit ëmmer méi schlëmm (tselwescht geet et och dem Judas!): 1Thess 2, 15 (ëmt d’Joer 50/53 geschriwwen) – Mt 27, 25; 23, 1-39 – Apg 2, 23.36; 3, 13-17; 4, 10; 13, 27 (während d’Lk-Ev nach zimlech diskret d’Judden ugeklot huet) – Joh 8, 37-47; hei eisen Text. An de Vv. 15-18 verzielt de Joh eis vum Péitrus, deen eng éischte Kéier leegent de Jesus ze kennen a virdrun nach déck getéint hat (13, 37). An deene véier Evangelien liese mer vun dem Péitrus sengem dräifache Leegnen. De Joh huet déi Szeen dramatesch opgebaut: d’éischt leegent de Péitrus, da weist hien eis de Jesus virum Hannas, an da leegent de Péitrus eng zweete Kéier (Vv. 15-18; 19-24; 25-27): iwwerdeems de Jesus seng Jünger weiderhi schützt (Vv. 19-20), verleegent de Péitrus hien. – Beim Péitrus ass nach e Jünger, dee kënneg war mam Hohepriister (V. 15); et kann een net mat Bestëmmtheet soen, wien deen zweete Jünger ass, mee, vill Leit gesinn an him dee Jünger, deen de Jesus gär hat, och well de Péitrus an hie méi dacks zesumme gewise, resp. verglach ginn (cf. 13, 23ff; 20, 2ff; 21, 7.20-23): am Géigesaz zum Péitrus ass dee Jünger, deen de Jesus gär hat, him nogaang bis ënnert d’Kräiz (19, 25-27). Virum Hannas (Vv. 19-24) gëtt de Jesus beschriwwen als e Prophéit, deen ëffentlech a fir d’Leit all geschwat huet; hie schwätzt an engem riskanten Toun mam Hannas (Vv. 21.23), woufir hien och direkt vun engem Dénger eng op de Bak kritt (Vv. 22-23). Déi op de Bak ass déi eenzeg Erniddregung, vun dier de Joh schwätzt! Vläicht huet hien hei un de Gotteskniecht aus Jes 50, 6 geduecht. – Hei beim Joh ass de Jesus net deen, deen ouni sech ze wieren alles iwwert sech ergoe léisst: als Här a Meeschter trëtt hien op. – De Jesus ass gefesselt aus dem Goart bei den Hannas gefouert ginn, gefesselt gëtt hie bei de Kaiphas gefouert (V. 24); mee, och wann hie gefesselt ass, ass et, fir de Joh, keen Zweifel, datt et de Jesus ass, deen Här a Meeschter ass an den Oflaf dirigéiert. (Hannenoter, Joh 19, 38-42 gëtt de Jesus a léngen Dicher a vum Doud gefesselt an e Graw an de Goart geluecht. An de Vv. 25-27 leegent de Péitrus eng zweeten an drëtte Kéier, gläich drop kréit en Hunn (wat d’Bestätegung ass, vun dem Jesus sengem Wuert a Joh 13, 36-38); am Kapitel 21 eréischt kritt de Péitrus verzien – an eng nei Aufgab.

Si hunn de Jesus vum Kaiphas erfort an de Prätorium gefouert. Et war fréi am Muergen. Si selwer... (Vv. 18, 28-19, 16)
De Joh schreiwt dräimol, datt de Jesus um Virbereedungsdag op d’Pessach-Fest veruerteelt an higeriicht ginn ass (Joh 18, 28; 19, 14.31; dat ass anescht bei him wéi bei de Synoptiker); deemno stierwt de Jesus dee selweschte Moment wéi d’Pessach- Schof am Tempel, woumadder hien dat neit Paschalamm ass; mee, doderniewt sinn déi chronologesch an och déi topoghraaphesch Notizen am Joh aus enger Rei vu Grënn zimlech sécher historesch méi genee wéi an de Synoptiker. – De Jesus gëtt fréi am Muergen vum Hohepriister fort bei de Pilatus (iwwert de Pilatus, cf. d’Evangelium vum 2. Adventssonndeg C a vu Pällemsonndeg C; just fir d’Fester, oder wann Oprou war ass hie vun Cäsarea eriwwer op Jerusalem komm) an de Prätorium (Vv. 28.33; 19, 9) gefouert, wat dem réimesche Brauch entsprécht, fréi muerges, ‘prima luce’, am Summer enger Auer sechs, zu Geriicht ze sëtzen an aner Amtsgeschäfter z’erliedegen (cf. och Mk 15, 1//). – Wou dee Prätorium war, ass net méi mat Sécherheet ze soen (an der Buerg Antonia?, am Hasmonäerpalast?, am Herodespalast?). D’Judde selwer sinn net bei den Heed Pilatus eragaangen, fir net kultesch onréng ze ginn (V. 28). Kuerz a bündeg leet de Joh déi näächst Etapp an, déi a senger Passiounserzielung zentral ass: de Prozess virum Pilatus hëlt, am Verglach mat de Synoptiker, opfalend vill Plaz an (18, 28-19, 16!); dëse Prozess, mat sengem Hën-an Hir tëscht dobaussen-dobannen, tëscht dem Pilatus-Judden/ Pilatus-Jesus an der reliéiser/politescher Autoritéit gëtt dem Jesus d’Geleeënheet fir eng lescht ëffentlech Offenbarungsried. Am Zentrum steet dem Jesus seng Kréinung (19, 1-3), wou d’Réimer an d’Judden natierlech eppes anescht dra gesinn wéi dem Joh seng chrëschtlech Lieser/Nolauschterer. – De Pilatus weist gudde Wëll a geet bei d’Judden eraus (V. 29); hie kéint de Jesus, deen him tëscht den Zeilen als de Kinnek vun de Judden duergestallt gëtt (Vv. 33-34), ouni vill Ophiewes hiriichte loossen (dat ass dat sougenanntend ‘Koerzisiounsrecht’, dat hien iwwert d’Net-Réimer huet). Mee, wéi d’Passiounserzielung aus deene véier Evangelie weist, ass hien ze schlau dat ze maachen (hie wees jo näischt iwwert d’Hannergrënn, wien dee Gefaangenen do ass, wéi ee Réckhalt hie bei de Leit huet, dobäi läit scho Spannung an der Loft, duerch d’Fest dat virun der Dier steet an de ville Leit, déi op Jerusalem gepilgert sinn) an hält sech un den normalen Oflaf vun engem réimesche Prozess: Uklo, Verhéier, Verteidegung, Uerteel an Ausféierung vum Uerteel direkt duerno. – De Pilatus gëtt relativ positiv duergestallt, d’Judden awer féieren hir Ausenanersetzung géint de Jesus virun, deen an hiren Aën esou Schlechtes gemeet huet, datt hien den Doud verdingt (Vv. 30-31). Et ass, an dem Joh an senge Chrëschten hiren Aën e riisege Gruew tëscht deem, wat d’Judde soen an dem Jesus, Här a Meeschter, dee schonn ugedeit hat, wat op hien duerkéim (V. 32; cf. och 12, 32f; 3, 14; 8, 28). (De Jesus ass fir de Joh keen ‘Hellseher’, deen an enger Glaaskugel d’Zukunft geliesen hätt, mee, doduerch, datt hie komm ass fir d’Schrëft z’erfëllen, wousst hien, wat geschéie misst. – Derbäi kënnt, datt de Jesus, dee géint den Tempel, d’Bank an d’Identifikatiounssymbol vun de Judden zëmools ënnert der réimescher Okkupatioun a géint d’Praxis vum Sabbath gewiedert an sech iwwert d’Gesetzer vun der Trennung tëscht Judden/Net-Judden, réng/onréng ewech gesat hat, deenen, déi d’Soen haten an de Féiss war. Dat konnt net riicht ausgoen. An am Laf vun de Méint, zëmools och wéi de Jesus refuséiert huet de Messias-Kinnek ze sinn, huet hie realiséiert, datt hie Probleemer kréich; esou steet hien an enger Rei mat de Prophéiten, wat déi éischt Chrëschten dann och verstanen hunn. Si hunn sech awer och un dem Jesus seng Relatioun zu sengem Abba erënnert, déi bewierkt huet, datt hien sech net an d’Wüüst verstoppe gaangen ass, mee säi Wee am Vertrauen op deen Abba konsequent bis zum batteren Enn gaangen ass. Am Nodénken iwwert all dat, koumen da Sätz, wéi eise V. 32 zustanen. – Et ass wichteg, datt mer eis der historescher Verankerung vun den theologeschen Aussoen iwwert de Jesus bewosst sinn, well Theologie, Glawen déi net heinidden, an eisem Alldag verankert sinn, schwiewen iwwert eis Käpp ewech.) Dueropshi geet de Pilatus erëm an de Prätorium eran an adresséiert sech un de Jesus (Vv. 33-38): An deene véier Evangelien kritt de Jesus vum Pilatus an deenen nämmelechte Wieder déi selwescht Fro gestallt (V. 33; cf. Mk 15, 2//), mee just de Joh hänkt en Dialog tëscht dem Jesus an dem Pilatus hannendrun. – Den Titel ‘Kinnek vun de Judden’ muss am Pilatus sengen Ouere politesch kléngen, d.h. datt de Jesus d’Leit wéilt géint déi roumtrei Sadduzäer (= den Hohepriister + en Deel vun de Leit aus dem Sanhedrin) opbréngen, fir da géint Roum ze goen; de Jesus wees, wéi geféierlech deen Titel ass: engersäits war et den Titel vun den Hasmonäer-Kinneken (wéi den Herodes), anerersäits waarde vill Leit deemools op de Messias-Kinnek, deen dem David säi Räich erëm géif opbauen; all deem ass hien aus de Féiss gaangen (cf. 1, 49; 6, 15). An hei beim Pilatus gëtt da kloer: de Jesus hëlt Distanz zu dem Pilatus senger Kinneksvirstellung, ouni awer den Titel u sech zréckzeweisen (V. 37)! Fir de Joh ass et keng Fro, datt de Jesus ‘de’ Kinnek ass, just eben anescht, an um Kräiz weist dat sech ee fir allemol (cf. Vv. 33.36.37.39; 19, 3.12.15.19); dofir ënnerscheed säi Räich sech och fundamental vun den ierdesche Kinnekräicher: et besteet net aus Gewalt oder duerch seng Arméi, mee, duerch eng Offenbarung (Vv. 36.37); déi se unhuelen (= déi, déi aus der Wourecht sinn), gehéieren dann elo schonn zu deem Räich (V. 37). De Pilatus huet sech op dat Gespréich agelooss a freet elo ironesch-skeptesch-nodénklech, wat da Wourecht ass (V. 38); domadder weist hien, datt hien net verstanen huet. Am Joh gëtt ‘elo’ Geriicht gehalen iwwert d’Welt, jee nodeems ier e Mënsch de Jesus an seng Offenbarung unhëlt oder net. Doduerch ass, net ouni dem Joh seng Ironie, de Riichter Pilatus, ouni et ze mierken, dee ginn, iwwert dee Geriicht gehalen ass ginn, an deen net bestanen huet! – Erëm weist sech de Jesus als Här a Meeschter. An nees geet de Pilatus eraus bei d’Juddendelegatioun, déi do nach ëmmer waart (Vv. 38.39): si fuerderen de Raiber (en Zelot; an eise Wierder, en Terrorist) amplaz vum Jesus (Vv. 38-40). De Pilatus hat effektiv d’Méiglechkeet vum Volleksentscheed; et ass awer net gewousst, ier dat zu senger Zäit do och wierklech Usus war. Mee, wat hei an d’A spréngt, esou wéi de Joh déi Szeen erëmgëtt, ass, datt d’Judden sech verroden an datt si de Jesus aus anere Grënn ugeklot hunn, wéi dat, wat si dem Pilatus verkafe wollten, an anerersäits, datt de Pilatus léiwer ewechkuckt, wéi et zu engem Opstand kommen ze loossen; hien ass esouguër bereed, e wierklechen Opstännege fräi ze loossen, fir allem aus de Féiss ze goen. Si mer elo dobaussen oder dobannen (19, 1)? De Joh seet et net; op jiddfer Fall, wann een déi ganz Szeen mam Pilatus kuckt, da fällt op, datt de Joh d’Gäisselung just ernimmt (vläicht als Uspillung un de Gotteskniecht aus Jes 50, 6; 52-53; beim Mk am Mt kënnt d’Gäisselung mam Spott eréischt no dem Uerteel), d’Kréinung mat der Därekroun (Vv. 1-3) awer ervirhëft. – Duerno geet den Hën-an Hir tëscht de Gespréicher erëm un; d’Kréinung steet also am Zentrum vun dier grousser Szeen vum Prozess virum Pilatus. Wat fir d’Zaldoten e Spaass ass, ass dem Joh säi Credo. An de Pilatus goung fir d’drëtt eraus bei d’Judden fir fir d’zweet dem Jesus seng Onschold ze bezeien (Vv. 4-7): de Jesus ass nach, an de Réimer an de Judden hiren Aën als Kinnek verkleed – an elo gëtt hien och nach als ‘de Mënsch’ proklaméiert (V. 5); fir de Pilatus misst spéitstens elo fir d’Judde kloer sinn, datt dem Jesus säin Usproch als Kinnek eng Farce ass. Mee, wou de Joh (an seng Chrëschte mat him) am Jesus de wierkleche Kinnek gesinn, esou gesinn si och an him de wierkleche Mënsch, de Mënschejong (cf. z. B. 5, 18-20; 10, 33); de Gruef tëscht de Judden an dem Joh senge Chrëschte gëtt méi déif; an am V. 8 gëtt en dann immens déif, well hei gëtt de Jesus vun de Judden ugeklot als Gotteslästerer, deen den Doud verdingt huet (cf. Lev 24, 16), do wou fir d’Chrëschte kloer ass, datt de Jesus wierklech dem Herrgott säi Jong ass, do wou d’Häerz ass vum joh chrëschtleche Glaw. Elo gëtt et dem Pilatus, dem Vertrieder vum Welträich Roum, Angscht (Vv. 8-12): Wann de Pilatus wéisst, vu wou de Jesus (hir) ass (wéi sënngeméiss fréier hei zu Lëtzebuerg gesot gouf ‘wuër héiert hien?’), da wéisst hien, mat wiem hien et ze doen huet (dat Motiv kënnt méi dacks vir am Joh, cf. 2, 9;4, 11; 7, 27f; 8, 14; 9, 29f). De Jesus äntwert him net, wat d’Distanz tëscht deenen zwee nach méi grouss schéngen deet (Vv. 9-10): de Pilatus méngt Muecht iwwert de Jesus ze hunn, a Wierklechkeet ass dat awer net esou (V. 11); de Pilatus huet sécherlech versicht hien ze schounen (V. 11), ma, hien huet awer net de Schratt gemeet, de Jesus unzehuelen an huet sech domadder selwer geriicht (V. 38) an hien huet seng Positioun net wëlle wéinst dem Jesus a Gefor bréngen ( ‘Frënd vum Keeser’, V. 12, war en Eirentitel, deen de Pilatus vläicht wierklech hat als Frënd vum Sejan). – Et ass net méiglech vis-à-vis vum Jesus an senger Offenbarung neutral ze bleiwen, et muss ee Foarw bekennen. De Pilatus huet kleng bäiginn a sëtzt sech op de Riichterstull, op enger Plaz, déi en duebelen Numm huet (op Griichesch ‘Lithostrotos’ = wou ‘Sténg ausgeluecht sinn’/ op Aramäesch ‘Gabbatha’ = eng Plaz, déi ‘méi héich’ ass) a wou net sécher ass, wou se dann elo wierklech war (Vv. 13-16): Am V. 13 ass et méiglech op zwou Manéieren z’iwwersetzen, entweder ‘hien huet de Jesus sech op de Riichterstull sëtze gedoen’, oder ‘ hien huet sech op de Riichterstull gesat’; vläicht huet de Joh dat bewosst gemeet, fir um duebele Sënn ze spillen. – Mer kréien hei eng gelunge Welt gewisen: Réimer, déi e Kinnek vun de Judde schütze wëllen, a Judden, déi hire Kinnek verleegenen a léiwer e réimesche Kinnek iwwert sech hunn (Vv. 12-15)! Fir de Joh ass de Jesus de Messias – andeems d’Judden hien net ugeholl hunn, hunn si automatesch hiirt Waarden op e juddesche Messias verleegent. An de Réimer stellt de Jesus als ‘äre Kinnek’ duër, ëm déi sechst Stonn (ongeféier d’Mëtteszäit), do, wou all aner Oarbecht ophalen an de Sabbath virbereed sollt ginn (V. 14)! Dee ganzen Zäit gouf de Jesus vun engem zum anere weidergereecht an ausgeliwwert (am Griichesche steet d’Verbe ‘huelen’; cf.18, 31; 19, 1.16); mee, eigentlech konnt keen hie wierklech ‘huelen’, hie war net ausgeliwwert; hannert deem Uschäi schéngt fir de Joh duerch, wien de Jesus wierklech ass: den Här a Meeschter, dee souverän awëllegt de Kielech ze drénken, deen de Papp him gëtt a fir datt d’Schrëft erfëllt gëtt, hien ass de Kinnek, de Mënschejong, dem Herrgott säi Jong, deen all Muecht huet an dee mat senger Offenbarung elo scho Geriicht hält. – Am Prozess virum Pilatus, wéi och soss an der Passiounserzielung, seet de Joh säi Credo.

Hien huet selwer säi Kräiz gedroen an ass erausgaang... Si kucken op deen, deen si duerchbuert hunn (Vv. 17-37)
Hien huet selwer säi Kräiz gedroen (Vv. 17-22): Am Joh brauch de Jesus keng Hëllef fir säi Kräiz ze droen; et ass säi Wee an hie geet en eléng (V. 17). – Zum Joh senger Zäit gouf scho géint den Doketismus gekämpft (deemno hätt de Jesus net wierklech gelidden, well Gott kéint sech net esou wäit erniddregen, ouni seng Göttlechkeet ze verléieren); duerfir léisst hie vläicht bewosst de Simon vun Zyrene (cf. Mk 15, 21//) ewech (soss hätt kënne gesot ginn, dee wier am Jesus senger Plaz gekräizegt ginn. (Deemools wéi haut war all Argument gutt....). De Jesus dréit säi Kräiz erop op de Golgotha (dësen Hiwel virun den Diere vu Jerusalem hat wahrscheinlech d’Form vun engem Doudekapp; e louch e puer honnert Meter ewech vum Prätorium; et war en ale Steebroch, deen als den Dréckstipp fir Potterie genotzt gouf, déi vill befuere Strooss op Jafo an Cäsaräa geet do un, an déi aus alle Richtunge koumen, sinn hei laanscht gaangen). De Joh seet, wéi d’Synoptiker, ganz kuerz, datt se de Jesus do gekräizegt hunn (V. 18); Detailer huet hie keng brauchen néierzeschreiwen, well déi hu seng Lieser/Nolauschterer gutt genuch kannt. (Et ass net fir näischt, datt eréischt nodeems de Keeser Konstantin d’Kräizegung verbueden huet, d’Kräiz als Symbol vun de Chrëschten opkomm ass!) – Am Joh gëtt einfach gesot, nach zwéin anerer wiere mam Jesus gekräizegt ginn (anescht wéi Mk 15, 27//), mat him an der Mëtt, op dem Kinnek senger Plaz. Fir de Rescht feelen déi sëllegen Detailer, déi d’Synoptiker verzielen, z. B. wéi se dem Jesus wëllen ze drénke ginn, oder wéi der de Spott mat him dreiwen (vläicht fäert hien, dës Elementer kéinten a senge Chrëschten hiren Aën dem Jesus senger Kinnekswürd schueden, resp. kéinten dervun oflénken), wéi d’Sonn däischter gëtt, oder wéi de Rido am Tempel an zwee Stécker räisst (cf. Mk 15, 23. 29ff; Mt 27, 51ff). – Déi véier Evangelien ernimmen den ‘Titulus’ (Vv. 19-22), d.h. d’Schëld, dat, wéi et Brauch war dem Veruerteelten op sengem leschte Wee ëmt den Hals an duerno mat op d’Kräiz gehaange gouf an de Leit kuerz a bündeg d’Uklo (wou d’Réimer sech méi fir d’Schold wéi fir de Mësnch, Numm, vu wou, etc. interesséiert hunn) gewisen huet (‘d’Scholdnéierschrëft’, cf. Mk 15, 26//). – Am V. 20 schreiwt de Joh, den Titulus wier op Hebräesch, Latäin a Griichesch gewierscht; historesch war et wahrscheinlech op Hebräesch, fir datt esou vill Leit, wéi méiglech e verstoe konnten, vläicht och (nach) op Griichesch, der Ëmgangs- an Handelssprooch queesch duerch d’Réimescht Räich; de Joh schreiwt vun deenen dräi Sproochen aus dem Réimesche Räich, wahrscheinlech fir ze weisen, datt de Jesus de Kinnek vun der ganzer Welt ass. – Firwat de Joh an de Vv. 21-22 vun de Judde verzielt, déi net averstane si mam Pilatus, ass schwéier ze soen; war dat esou? Oder wëlt hien, duerch de Pilatus, deen dës Kéier net nogëtt, nach eng Kéier ënnersträichen, datt de Jesus awer de Kinnek vun de Judden ass, och wann déi reliéis Autoritéiten dat net wëlle wouer hunn? (De Joh schreiwt ‘Jesus, den Nazoräer’, V. 19: dee Bäinumm gëtt och nach anerwäerts gebraucht, cf. z. B. Mt 2, 23, 26, 71; et ass net gewousst, ier domadder en Hiwäis op d’Sekt vun den ‘Naziräer’ (déi sech d’Hoer net geschnidden a keen Alkohol gedronk hunn, cf. Ri 13, 5-7 gemeet gëtt, oder ier et einfach en Äquivalent ass fir ‘Galiläer’.) Wéi d’Zaldoten de Jesus gekräizegt haten, hunn si... (Vv. 23-24): Och dës Episod fanne mer an deene véier Evangelien erëm an si entsprécht och der réimescher Gewunnegt; de Joh baut se awer méi aus wéi déi aner dräi, well hien am V. 24 Ps 22, 19 (aus der griichescher Iwwersetzung vun der Hebräescher Bibel, der Septuaginta = LXX) ganz zitéiert an drop insistéiert, datt dem Jesus säi Kleed (dat, wat ee kengem huet dierften ofhuelen!) keng Nout hat (V. 23); de Joh mécht den Ënnerscheed tëscht de Kleeder, déi ënnert de véier Zaldoten opgedeelt ginn an deem Kleed, dat an engem Stéck gewieft war (Vv. 23.24a), wéi den Hohepriister eent unhat (ass de Jesus fir de Joh éiren den neien Hohepriister? Oder symboliséiert dat ënnescht Kleed vläicht d’Eenheet vun de Chrëschten? Oder, wat méi der joh Siicht entsprécht:) no réimescher Praxis hänkt de Jesus plakeg um Kräiz, dem Uschäin no total ausgeliwwert. An dach sinn déi net Meeschter, déi méngen et ze sinn: d’Zaldote ginn, ouni et ze wëssen, ‘vun uewe’ geleet, well dat, wat si maachen, mécht, datt d’Schrëft erfëllt gëtt (cf. och Vv. 36-37)! D.h.: déi vill vun de Judden (V. 20), déi den Titulus (geschriwwen, datt jiddfereen am Réimesche Räich d’Wierder verstoe konnt), liesen, gesinn nëmmen en Uschäin, nämlech den total bloussgestalten an ausgeliwwerte Mënsch Jesus vun Nazreth; déi, déi de Jesus unhuele wëllen, sinn invitéiert (duerch d’Schrëftzitater, duerch d’Uspillungen un d’Schrëft, duerch dem Joh seng Manéier ze schreiwen) hannert dësem Uschäin de Kinnek vun dier ganzer Welt ze gesinn, deen eben, deen d’Schrëft erfëllt. Beim Jesus sengem Kräiz stoungen seng Mamm an senger Mamm hir Schwëster,... (Vv. 25-27): Anescht wéi bei de Synoptiker (Mk 15, 40//) stinn d’Fraen (dräi oder véier; et ass net méiglech aus dem Griicheschen Text genee erauszeliesen, wéivill et der waren) beim Kräiz, d.h. esou no, wéi méiglech (cf. LG 58; richteg ‘ënnert’ dem Kräiz/’juxta crucem’, wéi et dacks gemoolt gëtt, hätten d’Réimer wuël kaum zougelooss); fir de Joh ginn elo déi opgezielt, déi wierklech eppes vum Jesus zegutt hunn, seng wierklech Ierwen (wann een esou wëlt, am Géigesaz zu den Zaldoten); d’Stonn (cf. Joh 2, 4) ass elo entlech do; op der Hochzäit zu Kana huet de Jesus ugefaangen Zeechen ze setzen (Zeechen, déi iwwert dat eraus weisen, wat se an éischter Linn ze si schéngen), hei, um Kräiz ass elo den Héichpunkt vun den Zeechen (déi, fir de Joh, de Lieser/Nolauschterer deite muss); ‘seng Mamm’ gëtt d’Mamm vun deem Jünger, mat deem de Jesus frou war, an ëmgedréit, gëtt dëse Modell fir a vun de Jünger ‘senger Mamm’ hire Jong. Dee Jünger mécht alles dat, wat de Jesus gesot huet (V. 27c; cf. 2, 5); esou geet seng Offenbarung weider. De Jesus, dee wousst, datt schonn alles erfëllt war, sot dueropshin... (Vv. 28-30): ‘Alles erfëllt’ = dat, wat säi Papp him opgedroen hat (cf. 4, 34; 6, 38; 13, 1; 14, 31; 17, 4), an domadder och d’Schrëft, wou säin Opdrag ugekënnegt gi war. A wéi als Beispill hängt de Joh nach ‘Ech sinn duuschtereg’ hannendrun (Duuscht, Otemnout, immense Kappwéi an héicht Féiwer gehéieren zum luesen Doud um Kräiz; cf. Lk 23, 36; de réimesche Schrëftsteller a Philosooph Seneca seet et wier e Stierwen, dat laang dauert/diu mori) – wat awer am Joh senger Perspektiv gëtt ‘fir datt d’Schrëft (hei e Verwäis op de Ps 69, 21) an Erfëllung goe géif’ (Vv. 28-29, nach eng Kéier bestätegt am V. 30). Bis zu sengem leschten Otem bleiwt de Jesus fir de Joh deen, dee souverän säi Wee geet an zum Schluss, wéi op seng Initiativ hin, de Geescht aushaucht (wuertwiertlech just ‘aushaucht’/ekpneo). – Am Géigesaz zum Mk oder dem Mt, déi de Jesus froe loossen, firwat Gott hie verlooss hätt (cf. Mk 15, 34; Mt 27, 46), stierwt hien am Joh wéi hie gemierkt huet, datt alles erfëllt wier, dunn an net éischter. – Et gëtt an der kierchlescher Traditioun ëmt Karfreideg dem ‘Jesus seng siwe Wierder um Kräiz’ (Mk 15, 34// = Ps22, dee wahrscheinlech op de Jesus zréckgeet, well firwat hätten déi éischt Chrëschten de Jesus soss e Gebiet ufänke gelooss, dat fir d’éischt emol den Uschäi gëtt, wéi wann hien sech vu Gott verlooss gefillt hätt? Si ginn sech jo net selwer e Probleem sichen, d.h. e Ps, deen a sengem Réngen ëmt Gott gären als e Verzweifelen u Gott falsch verstane gëtt; wahrscheinlech hunn si aus Respekt de Ps 22 bäibehalen - Lk 23, 34 - 43 - 46 - Joh 19, 26f - 28 - 30; dobäi feelt de Kreesch aus Mk 15, 37); wann een dann elo higeet an dem Jesus seng lescht Wierder aus deene véier Evangelien niewtenee stellt, da kann ee gesinn, wat vum Jesus als leschte Message fir mat op de Wee fir deen eenzelenen Evangelist wichteg war. Well et de Virbereedungsdag [op d’Pessach-Fest] war... (Vv. 31-37): Hei fanne mer nach eng Kéier déi selwescht Aart a Weis vum Joh fir virzegoen, d.h. hien hëlt en historesche Kär (wéi z. B. d’Praxis, Vv. 31-33, vum ‘crurifragium’ = dem Gekräizegten d’Schénkele futti ze schloen, fir datt e sech net méi opstäipe ka fir z’otmen an da méi séier stierwt; hei begrënnt mam V. 31 wourop de Pilatus, géint d’réimesch Gewunnegt d’Läichen als Ofschreckung hänken ze loossen, ageet; cf. Dtn 21, 22f) a fierwt e mat senger Theologie. Esou schéngt et, wéi wann de Pilatus an d’Judden sech eens géife gi fir datt si hiirt Pessach-Fest ongestéiert feiere kënnen; mee, fir de Joh, sinn si alt erëm ouni et ze wësse vun uewe geleet: doduerch, datt si dem Jesus d’Been net ze brieche brauchen, ass hien ewéi d’Pessach-Schof; mer sinn och nach ëmt déi Zäit am Dag, wou d’Schof am Tempel geschluecht ginn, an deene keng Schank gebrach ginn däerf, V. 36 am Zesummenhank gekuckt mat Joh 18, 28; 19, 14; cf. Ex 12, 46; Num 9, 12; Ps 34, 21. - Fir sécher ze sinn, datt hien doud ass, stécht en Zaldot him an d’Säit (Vv. 34.37, eng Referenz op Zach 12, 10 an eng Uspillung op Joh 3, 14f; 12, 32. – D.h., och no dem Jesus sengem Doud gëtt d’Schrëft ëmmer weider erfëllt. - Blutt a Waasser koumen erausgelaf (V. 34), eng Uspillung op Joh 7, 37f a Bewäis, géint d’Doketisten, datt de Jesus e richtege Mënsch war. (Zu dier Zäit waren d’Leit iwwerzeegt, de Mënsch géif zur Hälschecht aus Waasser an zur Hälschecht aus Blutt bestoen; et ass net sécher, datt de Joh hei wëlt eng Uspillung maachen op d’Daf an op d’Eucharistie; dofir feelen d’Querverwäiser op aner Vv. am Joh). – Dem Joh ass et wichteg z’ënnersträichen, datt et en Aënzeie gouf (V. 35), wahrscheinlech wéinst der Ausenanersetzung mat den Doketisten (cf. ad V. 17) oder mat deene Kreeser, déi scho ganz fréi behaapt hunn, de Jesus wier vu senge Jünger vum Kräiz geholl ginn an hie wier also net um Kräiz gestuerwen – all déi Iwwerleeungen, déi a verschiddenen Zäitschrëften als neitsten Entdeckung présentéiert ginn, sinn eigentlech scho bal 2000 Joer al.

No all deem huet de Jouseph vun Arimathäa, deen aus Angscht virun de Judden... (Vv. 38-42)
Normalerweis hunn d’Réimer engem Gekräizegten en normaalt Begriefnis refuséiert; d’Kueben an déi wëll Béischten hunn dat iwwerholl (cf. Sueton, Aug 13; Tib 61.62.75; Philo, In Flaccum 84); esou guër Zaldote goufen als Wuecht dohi gestallt, déi mat hirem Liewe fir d’Läiche verantwortlech waren. Et war wierklech eng grouss Gnod, wann de Magistrat d’Läich fräi ginn huet. A Palestina war d’Saach e bëssen anescht, well eng net begruewe Läich d’Land kultesch onréng gemeet huet, d.h. dem Land geschued huet (cf. Dtn 21, 23; Josephus a Bell IV 5, 2). - Schonn an 1Kor 15, 3-5 (méi al wéi d’Evangelien) gëtt gesot, de Jesus, deen als Verbriecher ënnert Verbriecher um Kräiz gestuerwen ass, wier begruewe ginn. - De Joh iwwerhëlt hei verschidden Elementer, déi mer och bei de Synoptiker fannen, mee, z. B. ernimmt hien als Eenzegen, datt de Jouseph vun Arimathäa (cf. Mk 15, 43; Mt 27, 57; Lk 23, 50f) nëmmen heemlech e Jünger war (V. 38), resp, datt et de Jouseph an den Nikodemus (cf. Joh 3) sinn, déi d’Läich den Dag selwer nach gesaleft hunn (Vv. 39-40) an net d’Fraen, wéi si nom Sabbath bei d’Graw gaange sinn. – Boucle bouclée: d’Passioun huet am Goart ugefaangen (18, 1), an se hält op an engem Goart; d’Archäologie bestätegt, wéi de Joh seet, datt ‘bei där Plaz’ = dem Golgotha, e Goart mat engem Graf/mat Griewer war, nämlech westlech vum Golgotha, ganz no bei der ‘Grabeskirche’, wou schonn ausgangs 19. Jhd Griewer fonnt si ginn. - De Jouseph, grad wéi den Nikodemus si ganz éierbar juddesch Männer, déi de Jesus no beschter juddescher Traditioun begruewen an sech net scheien duerch de Kontakt mat engem Doudegen kultesch onreng ze ginn, sou datt si dat duebelt Fest, Sabbath + Pessach, emol net matfeieren däerfen – fir de Joh e wierdegt Begriefnis fir e Kinnek (ëmmerhi gesaleft mat engem Gemësch vu méi wéi 32 Kg Myrrhe an Aloe! an an en neit Graf geluecht, V. 41 ). An d’Chrëschten hunn dem Jouseph an dem Nikodemus hire Geste zu Gonschte vun hirem gekräizegte Kinnek gedankt andeems si hir Nimm opgeschriwwen an iwwerliwwert hunn.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu