lb fr pt en
Wegweiser Jahr A (2016-2017)  
15. Abrëll 2017

Operstoen…

Gedanke fir Ouschteren vum Monique Hermes

Operstoen
net méi gefaange sinn
an deene begrenzte Virstellunge
vun Himmel an Äerd.

Operstoen
erliewen,
datt dat Béist an dëser Welt
net dat lescht Wuert huet.

Operstoen
begräifen,
datt d’Liewe geléngt,
wann ee lassloosse kann.

Operstoen
erfaassen,
datt d’Léift méi staark ass,
wéi den Doud.

Operstoen
op Christus kucken
an nei Hoffnung schäffen!

Monique Hermes

Eng Schnëtzerei mam operstanene Christus zu Oberammergau (Foto: Monique Hermes)
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu