lb fr pt en
Wegweiser Jahr C (2015-2016)  
5. März 2016

„Jo, alles zesummen!“

Wegweiser fir de 4. Faaschtesonndeg

An engem Restaurant sëtzen e puer Frënn zesummen. Si ënnerhale sech, schwätzen, laachen, drénken an iessen ëppes. Nodeems de Kaffi zerwéiert ass, freet ee vun hinnen no der Rechnung. De Garçon wëll wëssen ob hien alles zesummen opschreiwe soll an d’Äntwert iwwerrascht: „Jo, alles zesummen!“ Um Dësch gëtt et op eemol ganz roueg, ee kuckt den aneren un. „Nee, looss dach sinn…“, „Nee, dat kanns du dach net maachen…“ sinn déi éischt Reaktiounen. Deen, deen d’Rechnung gefroot huet, léisst sech awer net ëmstëmmen. Lues a lues gëtt aus dem „Mee…“ e „Merci“.

Dës Situatioun kenne mir bestëmmt alleguerten. Wa mir onverhofft agelueden oder beschenkt ginn, da reagéiere mir mat engem „Mee, looss dach sinn…, dat ass awer net néideg…“. Net nëmmen am Restaurant soll d’Rechnung tëschend eis Mënschen irgendwéi ëmmer opgoen.

Dozou huet de Lothar Zenetti an de 70er Joeren en interessanten Text mam Titel „Am Ende die Rechnung“ geschriwwen:

Einmal wird uns gewiss die Rechnung präsentiert
für den Sonnenschein und das Rauschen der Blätter,
die sanften Maiglöckchen und die dunklen Tannen,
für den Schnee und den Wind,
den Vogelflug und das Gras und die Schmetterlinge,
für die Luft, die wir geatmet haben, und den Blick auf die Sterne
und für all die Tage, die Abende und die Nächte.
Einmal wird es Zeit, dass wir aufbrechen und bezahlen; bitte die Rechnung.
Doch wir haben sie ohne den Wirt gemacht:
Ich habe euch eingeladen, sagt der und lacht, soweit die Erde reicht:
Es war mir ein Vergnügen!

Dësen Text beschreift eis Mënschen als Konsumenten an eist Liewen als eng Käschte-Notze-Rechnung. Eng Kéier ass et esou wäit a mir musse fir eise Konsum, fir eist Liewe, bezuelen. Dann awer kënnt d’Iwwerraschung: „Ech invitéieren Iech!“, seet de Wiert. Daat ass wierklech bal net ze glewen, dass de Restaurateur d’Rechnung bezillt. Mee genau esou reagéiert den Härgott, hien, de Restaurateur vum Liewen. Hie begéint eis Mënschen net do wou gerechent gëtt, mee do wou ge- / verschenkt gëtt. Besonnesch elo, an der Virberedungszäit op Ouschteren, ass dëst Bild vum Wiert, deen invitéiert, deen d’Rechnung bezillt e schéint an treffend Bild fir dee Gott, un dee mir Chrëschte glewen.

(Quelle: wort.lu)

Mehr zum Thema: Alle “Wegweiser”-Texte finden Sie hier…

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu