lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass ass vu Biissen iwwerdroe ginn
Elo als Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouff dëse Sonndeg, de 7. Februar, um 9 Auer aus der Kierch vu Biissen iwwerdroen. De Jugendgrupp vu Biissen huet ënnert der Leedung vum Jean-Marie Bock, deen och um Keyboard begleet huet, gesongen
Jugendgrupp vum Biisser Kannergesank
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp huet zulescht aus iwwer 70 Kanner a Jugendleche bestan. Zu hiren Haaptaktivitéiten gehéiert den alljährleche Musical em Christi-Himmelfahrt, wou Kanner a Jugendlecher zesummen Theater spillen, sangen, danzen an d’Leit begeeschteren.
D’Radiosmass sangen si fir di 18. Kéier. Wéinst der aktueller Corona-Kris, leien di meescht Aktivitéiten allerdings op Äis. Trotzdem probéiert de Jugendgrupp dëst Joer alleng, de Leit e wéineg Liicht an di däischter a schwéier Zäiten ze bréngen.
Weider Informatiounen ginn et op http://www.biisser-kannergesank.lu/
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Agangslidd | Chantez, priez, célébrez le Seigneur | Hubert Bourel |
---|---|---|
Kyrie | Kyrie, Jesus, hörst Du mich | Jacques Berthier / Didier Rimaud |
Gloria | Gloria, Gloria | John Paige |
Alleluja | Alléluja | Taizé |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Danken und teilen | Siegfried Fietz |
Sanctus | Give me joy in my heart | |
Anamnes | Il est vivant | Noël Colomier |
Vater unser | Notre père | Benjamin & Thomas Pouzin |
Agnus Dei | Donne la paix | Siegfried Fietz |
Kommiounslidd | Glorious | Stephanie Mabey |
Schlusslidd | Möge die Straβe uns zusammen führen | Markus Pytlik nach irischen Vorgaben |
Chouer: Jugendgrupp vu Biissen
Dirigent a Keyboard: Jean-Marie Bock