lb fr pt en
Sonndesmass  
13. August 2018

D’Sonndesmass gouf vu Bënzelt iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 19. August, um 9 Auer aus der Kierch vu Bënzelt iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Holler-Bënzelt-Breedelt huet ënnert der Leedung vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach gesongen, op der Uergel huet de Jean-Paul Welter begleet.

Chorale Sainte Cécile Holler-Bënzelt-Breedelt

Gegrënnt am Joer 1939 zielt d’Chorale Sainte Cécile Holler-Bënzelt-Breedelt haut nach 18 Sänger. Dës Membere stamen net all aus den dräi Dierfer. Di meescht Sänger sangen och nach an aner Choralen. D’Begriefnismasse gi mat de „Sänger van der Heed“, der Chorale vu Wäiswampich an der Chorale Hengischt-Kaalber-Fëschbich zesumme gesongen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Entrée L. Boslet
Agangslidd Chantez au Seigneur
Kyrie Choral IX
Gloria Gott in der Höh J.-P. Schmit
Zwëschegesank Alleluia, louez le Seigneur
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Regina Coeli
Sanctus Herr Gott, Dich loben wir Friedrich Silcher
Anamnèse Däin Dout Här verkënnege mir
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei O Herr, gib Frieden Dimitri Bortnianski
Kommuniounslidd O Salutaris Hostia M. Haller
Schlusslidd Vierge Sainte, Dieu t’a choisie Mag. 1074
Sortie: Uergel Toccata R. de Montalent

Chouer: Chorale Sainte Cécile Holler-Bënzelt-Breedelt
Dirigentin: Nathalie Lamberty-Brachtenbach
Organist: Jean-Paul Welter

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu