lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 5. Faaschtesonndeg, den 18. Mäerz, um 9 Auer aus der Kierch vu Bruch (Miersch) iwwerdroen. D’Éischtkommiounskanner aus der Par Äischdall-Helpert St-Willibrord hunn ënnert der Leedung vum Abbé Joël Santer gesongen, deen och op der Uergel begleet huet.
„Kinder haben eine Stimme“, ënnert dësem Motto stoung d’Radiosmass, déi um 5. Faaschtesonndeg vu Bruch iwwerdroë gouf.
D’Éischtkommiounskanner aus der neier Par Äischdall-Helpert wollte weisen, dass si d’Zukunft vun der Kierch sinn. Grad an enger Zäit, wou mer d’Parkatechees um Laafen hunn, kucken eis Pargemeinschaften verstäerkt op d’Kanner, well si sinn d’Kierch vu mar. Eis Éischtkommiounskanner wëllen hier Freed mat de Nolauschterer deelen mat der Hoffnung, dass d’Kierch och weiderhinn liewt.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisations | |
---|---|---|
Agangslidd | Du bist da | Jürgen Grothe |
Kyrie | Jésus, berger de toute humanité | Jean Berthier |
Zwëschegesank | Dein Wort, o Herr, geleitet uns | Mgn 508 |
Alleluja | Lob sei dir, Herr | Mgn 173,1 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Nimm, o Herr, die Gaben, die wir bringen | Musical “Jesus Christ Superstar” |
Sanctus | Lasset uns gemeinsam | Mgn 1114 |
Anamnèse | Jesus Christus auferstanden | Siegfried Fietz |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Unfriede herrscht auf der Erde | Z. Jasnota / D. Zils |
Kommunioun: | Improvisations | |
Schlusslidd | Kinder haben eine Stimme | Daniela Dicker |
Sortie: Uergel | Improvisations |
Et sangen: Éischtkommiounskanner aus der Par Äischdall-Helpert St-Willibrord
Dirigent an Organist: Abbé Joël Santer