lb fr pt en
Sonndesmass  
4. Juli 2017

D’Sonndesmass gouf vu Clierf iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 9. Juli um 9 Auer aus der Kierch vu Clierf iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vu Clierf huet ënnert der Leedung vum Erik Schmidt gesongen, op der Uergel huet d’Anne Weis-de Jongh begleet.

Chorale Ste Cécile Clervaux

De Clierfer Gesangveräin ass am Joer 1898 als Männerchouer gegrënnt ginn. Haut huet de Kierchechouer 42 aktiv Memberen, 21 Fraen an 21 Männer. Bei eis ass vu 15 bis 86 Joer praktesch all Altersgrupp vertrueden an zesumme sange mécht Jonk an Al Spaass. D’Chorale steet ënnert der musikalescher Leedung vum Erik Schmidt an d’Anne Weis-De Jongh ass d’Organistin.

Mir sangen d’Mass um Sonndeg an op de kierchleche Feierdeeg, bei Begriefnisser a fir Hochzäiten. All 2 Joer steet bei eis op Stiefesdag e Chrëschtconcert um Programm. Obwuel eis Regëster nach relativ gutt besat sinn, froe mir heiansdo Leit aus den Nopeschchoralen, fir mat eis ze sangen. Dëst flott Zesummeschaffe bréngt jidderengem eppes a kann duerchaus derzou bäidroen, fir d’Sangen an enger Chorale méi attraktiv ze maachen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Allegro festivo Noël Rawsthorne
Agangslidd Louez, exaltez le Seigneur R. Fornasier
Kyrie Erbarme Dich Lorenz Maierhofer
Gloria Ehre sei Gott Lorenz Maierhofer
Alleluja Sois loué Seigneur F. Myriam
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Mein Gott, wie schön ist deine Welt Georg Thurmair
Sanctus Heilig Lorenz Maierhofer
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Lamm Gottes Lorenz Maierhofer
Kommuniounslidd Prenez et mangez A. Broeders
Schlusslidd Segen will uns tragen Lorenz Maierhofer
Sortie: Uergel Jubilate Norman Warren

Chouer: Chorale Ste Cécile Clervaux
Dirigent: Erik Schmidt
Organistin: Anne Weis-De Jongh

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu