lb fr pt en
Sonndesmass  
27. Dezember 2017

D’Sonndesmass gouf vu Péiteng iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf op Sylvester, den 31. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Péiteng iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile huet ënnert der Leedung vum Nicolas Billaux gesongen, op der Uergel huet den Philippe Dehoux begleet.

Chorale Sainte-Cécile vu Péiteng

D’Chorale Ste Cécile vu Péiteng ass 1916 gegrënnt ginn. Si konnt dat lescht Joer hiren 100. Gebuertsdag feieren an huet bei där Geleeënheet en CD erausgi mat liturgesche Gesäng duerch d’Kierchejoer, dee vill Interessi fonnt huet.

Bei der Grënnung war de Chouer, sou wéi dat an där Zäit ugeholl war, e Männerchouer. Säit 1951 ass et e gemëschte Chouer. D’Sängerinnen an d’Sänger gestalten an erhiewe mat hirem liturgesche Gesank all Sonndeg d’Houmass a ginn all Feierdag an all aner kierchleche Feieren hire Cachet. Bei de Festlechkeete vun der Gemeng iwwerhëlt de Kierchechouer och ëmmer säin Deel.

De Chouer huet an deene leschte Méint 3 laangjähreg Memberen duerch Stierffall verluer an zielt momentan 26 Sängerinnen a Sänger mat hirem Dirigent, Organist a Präses. (E puer Membere feelen op der Foto).

Leit vun all Alter, déi Freed um Kierchegesank hunn, sinn bei eis wëllkomm. Mir prouwe mëttwochs owes an der Péitenger Kierch. (bf)

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Improvisations
Agangslidd Il est né le divin enfant Albert Leblanc
Kyrie Missa in memoriam duarum Joannarum Pierre Schwickerath
Gloria Les Anges dans nos campagnes traditionnell
Psalm Wohl dem Menschen der Gottes Wege geht MA 630/1
Alleluja Amazing Grace
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Lobpreiset all zu dieser Zeit Jean Langlais
Sanctus Missa in memoriam duarum Joannarum Pierre Schwickerath
Anamnese Venite adoramus John Francis Wade
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa in memoriam duarum Joannarum Pierre Schwickerath
Kommuniounslidd Improvisations hautbois et orgues
Schlusslidd Lobt den Herrn der Welt Henry Purcell
Sortie: Uergel Toccata Théodore Dubois

Chouer: Chorale Sainte-Cécile Péiteng
Dirigent: Nicolas Billaux
Organist: Philippe Dehoux
Hautbois: Nicolas Billaux
Trompett: Jean-Paul Classen

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu