lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
18. Dezember 2018
D’Sonndesmass gouf vu Reisduerf iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gëtt um 4. Adventssonndeg, den 23. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Reisduerf iwwerdroen. D’Chéier vu Reisduerf a Bettenduerf sangen ënnert der Leedung vum Marcin Wierzbicki, op der Uergel begleet de Mill Eischen.
D’Chéier vu Reisduerf a Bettenduerf
D’Chéier vu Reisduerf (gegrënnt 1945) a Bettenduerf (gegrënnt 1899) sangen d’Radiosmass ënnert der Leedung vun hirem gemeinsamen Dirigent Marcin Wierzbicki. Di zwee Chéier sangen zanter dem Joer 2000 zesummen. Si zielen 22 Memberen a prouwen all Donneschden. Si sange kierchlech a weltlech Lidder bei ville Geleeënheeten. Hire gemeinsamen Organist ass de Fernand Gloden.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Prélude du 7e ton | Jacques Boyvin |
---|---|---|
Agangslidd | Tochter Zion | G.F. Händel |
Kyrie | Kirchberger Singmesse | Lorenz Maierhofer |
Zwëschegesank | Laudate omnes gentes | Vers: Matthias Kreuels; Kehrvers: Jacques Berthier |
Alleluja | Halleluja | Gl 530,6; Ruf: Josef Seuffert |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Friedensglocken, Weihnachtszeit | Robert Pappert |
Sanctus | Kirchberger Singmesse | Lorenz Maierhofer |
Anamnèse | Amazing Grace | arr. Edwin O. Excell |
Vater unser | Vater unser | E. Arfken |
Agnus Dei | Kirchberger Singmesse | Lorenz Maierhofer |
Kommuniounslidd | In dulci jubilo | Heinrich Seuse |
Schlusslidd | Seid fröhlich ihr Christen | Text: Diethelm Strauch |
Sortie: Uergel | Nun komm der Heiden Heiland | Johann Pachelbel |
Chouer: Chéier vu Reisduerf a Bettenduerf
Dirigent: Marcin Wierzbicki
Organist: Mill Eischen
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique