lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Remerschen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 29. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Remerschen iwwerdroen. D’Chorale St Sebastian Riémeschen huet ënnert der Leedung vum Ramona Schram-Dabé gesongen, op der Uergel huet de Pierrot Gloden begleet.
D’Chorale Sankt Sebastian Riémeschen séngt d’Sonndesmass
D’Chorale St Sebastian Riémeschen ass e ganz ale Kërchechouer, e gouf virun 1894 als Männerchouer gegrënnt, huet an den 1930 Joaren bis ëm 1940 als gemëschte Chouer, Bouwen a Männer, bestanen an duerno nom zweete Weltkrëch erëm als Männerchouer.
Vun 1975 un si mir e gemëschte Chouer, Hären an Dammen. Iwwreg sinn momentan nëmmen méi e Grappvoll Sänger a Sängerinnen, déi mat der Hëllef vun der Chorale Ste Cécile vu Schengen an eisem Organist dem Pierrot Gloden all Sonndeg a Feierdag do sinn, fir d’Mass ze sangen.
Fir d’Radiosmass gi mir tatkräfteg ënnerstëtzt vun der Dirigentin vu Bech-Klengmacher, dem Ramona Schram-Dabé.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Interlude | |
---|---|---|
Agangslidd | O heilige Stätte | 34/29 M 1948 |
Kyrie | Solomnelle | Fernand Jung |
Gloria | Weihnachtsgloria | Peter Beckius |
Zwëschegesank | Christ est là dans la nuit | Raymond Facelina, Michel Wackenheim |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Natus est nobis | onbekannt |
Sanctus | Saint est le Seigneur | Georges Lefebvre |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | Georges Lefebvre |
Kommuniounslidd | Aus dem Himmelssall | Vic. Goldschmidt / W. Goergen |
Schlusslidd | Auf Christen singt festliche Lieder | M 816 |
Sortie: Uergel | Fantaisie |
Chouer: Chorale St Sebastian Riémeschen
Dirigentin: Ramona Schram-Dabé
Organist: Pierrot Gloden