lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
18. Juni 2019
D’Sonndesmass gouf vu Schieren iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf op Nationalfeierdag, den 23. Juni, um 9 Auer aus der Kierch vu Schieren iwwerdroen. D’Chorale Caecilia vu Schieren an d’Chorale Ste Cécile vun Ettelbréck hunn ënnert der Leedung vum Elena Tanase gesongen, op der Uergel huet de Marc Garson begleet.
D’Chorale Caecilia vu Schieren ass 1933 gegrënnt ginn als Männerchouer. Zënter 1971 ass et e gemëschte Chouer.
D’Sängerinnen an d’Sänger gestalte mat hirem liturgische Gesank d’Sonndesmassen an all aner kierchlech Feieren. Op hirem Programm figuréiert och all Joer e weltleche Concert, dëst Joer de 6. Juli.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Prélude du cinquième ton (2e livre) | Jacques Boyvin |
---|---|---|
Agangslidd | L’Aveugle-né | J. Rosenmüller / Schütz |
Kyrie | Messe brève en C | Charles Gounod |
Gloria | À toi la Gloire | G. Fr. Haendel |
Alleluja | Louez Dieu | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Nimm an o Herr die Gaben | Johann Michael Haydn |
Sanctus | Messe brève en C | Charles Gounod |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe brève en C | Charles Gounod |
Kommuniounslidd | O Herr, ich bin nicht würdig | Johann Michael Haydn |
Schlusslidd | Wir beten an, Tantum Ergo, Großer Gott | |
Sortie: Uergel | Boléro de Concert | Louis Lefébure-Wély |
Chéier: Chorale Caecilia Schieren, Chorale Ste Cécile Ettelbréck
Dirigentin: Elena Tanase
Organist: Marc Garson
Kuckt och . Voir aussi
- Sakramenter . Sacrements
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Grondgebieder . Prières de base
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique