lb fr pt en
Sonndesmass  
25. Abrëll 2017

D’Sonndesmass gouf vu Weiler-zum-Tuerm iwwerdoen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 30. Abrëll, um 9 Auer aus der Kierch vu Weiler-zum-Tuerm iwwerdroen. D’Chorale Weiler-zum-Tuerm/Haassel huet ënnert der Leedung vum Horaţiu Dragan gesongen, op der Uergel huet d’Simone Appelbaum-Goebel begleet.

No 8 Joerzéngte Männerchouer vun 1890 bis 1969 gouf mat der Grënnung vum gemëschte Gesangveräin d’Basis fir eng nei Ausriichtung geschaf. An de leschte Jore konnten di 11 Dammen a 7 Hären ënnert dem Impuls vun der Presidentin Josée Schlammes-Krier, geleet vum Dirigent Horatiu Dragan, ënnerstëtzt a begleet vun der Organistin Simone Appelbaum-Goebel, de Repertoire duerch eng Rei zäitgeméiss, uspriechend Kompositiounen erweideren. De Weiler Gesank mécht sech eng Éier doraus, bei all Optrëtt méistëmmeg Gesäng zu vollster Zefriddenheet virzedroen. Prouwe si mëttwochs owes zu Haassel am Veräinshaus – all nei Sängerin oder Sänger empfänkt d’Chorale Weiler/Haassel mat oppenen Ärem. En éischte Kontakt kënnt Dir huele mam Sekretär André Welfring (Tel.: 23 66 86 75).

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Alla Marcia Thomas Adams
Agankslidd Jubilez, criez de joie Fr. Jean-Baptiste Du Jonchay
Kyrie Enfant bien-aimé (Messe: vienne ton royaume) Michel et Charles Wackenheim
Gloria Gloria (Messe de St Paul) Louis-Étienne de Labarthe
Alleluja Alleluia Madrigal Donald Moore
Credo gëtt gebiet
Gowebereedung Remplis ma bouche Lucien Deiss
Sanctus Pure and holy Bob Farnsworth, Michel Hudson
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Agneau de Dieu (Messe: vienne ton royaume) Michel et Charles Wackenheim
Kommioun Je viens vers toi les mains ouvertes Jean-Claude Gianadda
Schlusslidd I’ve got a feeling Lorenz Maierhofer
Uergel: Sortie Improvisation sur le “Te Deum” Charles Tournemire

Chouer: Chorale Sainte Cécile Weiler-zum-Tuerm/Haassel
Dirigent: Horaţiu Dragan
Organistin: Simone Appelbaum-Goebel

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu