lb fr pt en
Sonndesmass  
11. November 2020

D’Sonndesmass gouf vun Hemstel iwwerdroen

Elo am Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 15. November, um 9 Auer aus der Kierch vun Hemstel iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Bech-Biwer-Hemstel huet ënnert der Leedung vum Thomas Osborne gesongen, op der Uergel begleet vum Libby Kramer.

Chorales Sainte-Cécile Bech-Biwer-Hemstel

Et koum anescht, wéi dat wat mir geméngt a gehoff haten… D’Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel haten sech virgeholl, d’Radiosmass vum 15. November 2020 ze sangen fir d’Hemsteler Kirmes a gläichzäiteg fir déi 125 Joër vum Hemsteler Gesang an der Freed ze feieren. Corona-bedéngt an aus Virsiicht fir ons zum groussen Deel vulnerabel Sängerkollegen a -kolleginnen ass et noutwendeg ginn, onse Projet e bëssche méi kleng ze schrauwen. D’Geschicht vum Hemsteler Gesang, wéi och déi vu ville Chéier, huet gewisen, datt fir “Nout ze wenden” Flexibilitéit, Gedold an Ausdauer ëmmer nees nei vun ons verlaangt ginn. An dësem Kontext huet, stellvertretend fir de ganze Chouer an an der Dankbarkeet géintiwer all onse Sängerinnen a Sänger an denen 125 Jor, e klenge Grupp vu Kantoren a Begleeder sech bereed erklärt dës Radiosmass ze gestalten. Mat onsem Programm huele mir d’Froen an d’Ängscht vun onser Welt eescht a mir versichen ons an dem gesanglichem “Wanterschlof” nei ze besënnen op ons Quellen an ons Aufgab als chrëschtlech Gemeinschaft an der Welt vun haut.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Präludium G-Dur Johann Georg Albrechtsberger
Agangslidd Où va notre terre D. Rimaud, J. Akepsimas
Kyrie gëtt gebiet
Gloria Gloria, Ehre sei Gott K. Stimmer Salzeder
Psalm Der Herr ist mein Licht und mein Heil M 487
Alleluja Alleluia 7 de Taizé J. Berthier (LD 204)
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Dieu nous appelle pour faire Église G. Lefebvre
Sanctus Missa de angelis M 407
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa de angelis M 408
Kommiounslidd Seigneur, foyer d’amour M. Brouta
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie J. Mohr
Sortie: Uergel Canzon Christian Erbach

Chouer: En Ensembel vu Kantoren (Sainte-Cécile Bech-Biwer-Hemstel)
Dirigent: Thomas Osborne
Organist: Libby Kramer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu