lb fr pt en
Sonndesmass  
13. Oktober 2022

D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Elleng iwwerdroen

De 16. Oktober gëtt d’Sonndesmass vun Elleng iwwerdroen. Et sangen d’Chorales Réunies A.E.M., Dirigent ass de Stéphane Siebert, Organist de Sydney Scho. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorales Réunies A.E.M.

Wéi an esou ville Chorale, sinn och an de Choralen aus der Gemeng Munneref d’Kierchesänger ëmmer méi rar ginn. Aus deem Grond hunn hir Memberen sech am Joer 1992 an enger grousser Chorale zesummefonnt an esou war d’Chorale AEM gebuer. Den A steet fir Altwies, den E fir Elleng an de M fir Munneref.
Eng grouss Gemeinschaft, der et vun elo un nees méiglech war, op Feierdeeg stëmmeg ze sangen, sech ze ergänzen an esou zur Verschéinerung vu sämtleche Gottesdéngschter bäizedroen, an dëst zum Luef vum Herrgott.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Plein jeu improvisé Sidney Scho
Agangslidd Si le Père vous appelle LD 107
Kyrie Messe Soleil des Nations Marcel Dazin / AELF
Gloria Louange et gloire à ton nom Elisabeth Baranger
Alleluja Messe Soleil des Nations Marcel Dazin / AELF
Offertoire Danken und Teilen LD 575
Sanctus Messe Soleil des Nations Marcel Dazin / AELF
Agnus Dei Messe Soleil des Nations Marcel Dazin / AELF
Kommioun En mémoire du Seigneur LD 302
Schlusslidd Segne du Maria (Komponist onbekannt)
Sortie Improvisatioun mariale Sidney Scho

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu